Arecibo Observatoire

Vu Wikipedia
D'Plattform im Detail
Den 305-Meter-Reflekter op enger Satellittefoto

Den Arecibo Observatoire, och d'Ouer vun Arecibo genannt, op der Insel Puerto Rico war nom RATAN 600 dat zweetgréisst Radioteleskop vun der Welt.

Nodeem zwéi Kabele gerass waren, an doduerch grousse Schued entstane war, huet d'National Science Foundation am November 2020 matgedeelt, de Radioteleskop, no 57 Joer, ausser Betrib ze huelen.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De sphäresche Reflekter vum Radioteleskop, deen onbeweeglech war, hat en Duerchmiesser vun 304,8 m. Dee war an en natierleche, schosselfërmegen Dall zirka 15 km südlech vun Arecibo am Norde vu Puerto Rico agelooss. De Bau hat dräi Joer gedauert an den Observatoire gouf den 1. November 1963 ageweit.

Den Observatoire gouf am Optrag vun der National Science Foundation (NSF) USA a vun der Cornell University bedriwwen. Well et am Ufank fir d'Ionosphärefuerschung konzipéiert war, huet den Teleskop dunn och Arecibo Ionospheric Observatory (AIO) geheescht a war dem US-Verdeedegungsministère ënnerstallt. Am Oktober 1969 gouf d'Ariichtung vun der NSF iwwerholl a gouf am September 1971 an National Astronomy and Ionosphere Center (NAIC) ëmgenannt.

D'Teleskop stoung jiddwer Astronom op – ronn 200 Fuerscher hunn all Joer dës Anlag benotzt. D'Observatiounszäit gouf vun engem onofhängege Gremium verginn.

Ronderëm de Reflekter stoungen dräi grouss Dréiermasten – zwéi sinn 80,8 m héich, deen drëtten ass 30,4 m méi héich, ëm d'Terrainënnerscheeder auszegläichen. Vu jiddwer Mast gounge sechs laang droote Seeler fort, un deenen iwwer der Mëtt vum Reflekter an 137,2 m Héicht eng dräeckeg Plattform ubruecht ass. Dodrun war iwwer eng rankfërmeg Schinn ee gebéiten Azimutaarm dréibar installéiert. Den 100 m laangen Aarm war fir d'Ausriichte vum Empfänger vum Teleskop. Dat sinn am „Gregorian Dome“: zwéi Subreflekteren déi d'Signaler bëndelen.

Obwuel de Reflekter vum Teleskop fest stoung, konnten duerch déi verschidde Verstellméiglechkeeten Himmelsobjete mat enger Deklinatioun vun tëscht ronn −1° a +38° fir eng gewëssen Zäit observéiert ginn, andeems d'Empfänger der Beweegung vum Objet um Himmel nogefouert goufen.

An den Empfänger stoungen Antenne fir verschidde Frequenzberäicher vum Radioband zur Dispositioun, fir méi Observatiounsaufgaben ofzedecken. Ëmgekéiert konnt d'Antenn awer och e Signal an d'Schossel stralen, déi et dann an de Raum reflektéiert huet. Sou konnt d'Radioteleskop vun Arecibo och als Sender gebraucht ginn, zum Beispill fir Radarobservatiounen vu Planéiten an Asteroiden. Am Observatoire, dat ronnderëm d'Auer a Betrib war, waren ongeféier 140 Persoune beschäftegt.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

  • Héicht iwwer dem Mier (MSL): 497 m

Teleskopmoossen:

  • effektiven Duerchmiesser: 304,8 m
  • Fläch vum Reflekter: 73.000 m²
  • Uewerflächegenauegkeet: 2,2 mm (RMS)
  • Déift vum Kugelspigel: 50,9 m

Antenneplattform:

  • Gewiicht vun der Antenneplattform: 816 t
  • Héicht iwwer der Spigeluewerfläch: 137,2 m

Sender:

  • Sendeleeschtung: 500 kW

Empfänger:

  • Empfangsberäich: 300 MHz bis 10 GHz

Den Arecibo Message a SETI[änneren | Quelltext änneren]

D'Radioteleskop gouf fir d'Ausstralung vum Arecibo Message agesat. Dat Radiosignal hat d'Zil, Informatiounen iwwer d'Mënschheet un eventuell extraterrestresch Zivilisatiounen z'iwwermëttelen. D'Haaptinitiateure vun deem Projet waren de Frank Drake an de Carl Sagan.

Zäitweis gëtt den Arecibo Observatoire fir d'Sich no ausserierdeschen Intelligenzen (SETI) agesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arecibo-Observatorium – Biller, Videoen oder Audiodateien