Argentinosaurus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Argentinosaurus
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Iwweruerdnung: Dinosaurier
Uerdnung: Echsebeckesaurier
Ënneruerdnung: Sauropodomorpha
Famill: Titanosauridae
Gattung: Argentinosaurus
Wëssenschaftlechen Numm
Argentinosaurus
Aarten

A. huinculensis


Den Argentinosaurus ass eng Dinosaurieraart aus der Uerdnung vun den Echsebeckesaurier (Saurischia).

Den Argentinosaurus huet am Zäitalter vun der Kräid, virun 110 - 95 Millioune Joer, gelieft.

En hat e Gewiicht vun 100 Tonnen a war 8 m héich a 45 m laang. En ass op véier Féiss gaangen an hat déck säilenarteg Been, Huelréim an de Réckewierbelen a kleng Loftkummeren an de Schanken, déi d'Gewicht méi kleng gehalen hunn, ouni eppes un der Stabilitéit z'änneren.

Et war e Planzefriesser an nieft dem Seismosaurus dat längst a wahrscheinlech och dat schwéierst Landdéier dat jee gelieft huet.

Fonntplaze vu Fossilien sinn an Argentinien.

Commons: Argentinosaurus – Biller, Videoen oder Audiodateien