Ariel Wagner-Parker

Vu Wikipedia
Ariel Wagner-Parker
Gebuer 8. Februar 1950
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

D'Ariel Wagner-Parker, gebuer den 8. Februar 1950 zu London, ass eng brittesch Auteurin an Iwwersetzerin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Ariel Parker huet Literatur zu Oxford an Droit zu London studéiert.

Si koum 1979 op Lëtzebuerg, fir um Europäesche Geriichtshaff zu schaffen. Si war 27 Joer do am Déngscht, fir d'lescht als "Administrateur principal" an der Divisioun vum Personal. Si krut hir Fréipensioun, den 1. Januar 2006.

1982 huet si de Guy Wagner kenne geléiert. Déi zwee hu sech 1990 zu Esch-Uelzecht bestuet. a sinn op Beddeler wunne gaangen.

D'Ariel Wagner-Parker huet sech zanter laange Jore mat Literatur ofginn, awer eréischt 1995 huet se mat éischten Iwwersetzungen - Mondorfer Dichterdeeg / Journées littéraires de Mondorf - op sech opmierksam gemaach. Si schwätzt Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Italieenesch, Griichesch an huet och Portugisesch geléiert.

Zanter 2006 këmmert si sech haaptsächlech ëm kulturissimo, d'Bäiluecht vum Tageblatt, déi all zweeten Donneschdeg am Mount erauskënnt. Si huet doran ënner anerem eng Rubrik op Englesch: In the Air.

1995 huet si dem Bernard Kops säin Theaterstéck Dreams of Anne Frank op Franséisch iwwersat. D'Stéck gouf an där Sprooch am Escher Theater a Presenz vum engleschen Auteur opgefouert.

Si huet jorelaang an der engleschsproocheger Emissioun vum Radio 100,7 matgeschafft, déi ënner dem Titel In Luxembourg gelaf ass.

Mam Text Home from Home. A tale in two voices, dee se zesumme mam Guy Wagner geschriwwen huet, gouf si am Concours littéraire national 2007 mam 3. Präis ex aequo ausgezeechent.

2007 huet si zesumme mat hirem Mann Guy Wagner an den Éditions du Phare - kulturissimo d'Buch: Artiste en Résidence - Pierre-Laurent Aimard à la Philharmonie erausginn.

D'Ariel Wagner-Parker ass Member (Generalsekretärin) vum Cercle européen pour la propagation des arts (CEPA), deen d'Summerakademie organiséiert. Si war Matgrënnerin vun der Association pour le droit de mourir en dignité (ADMDL) a Member vun der Ligue internationale contre le racisme et l'antisémitisme (LICRA) a vun der Auslännderkommissioun vun der Gemeng Jonglënster.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]