Aristaios

Vu Wikipedia
Den Aristaios, Gott vun de Gäert, Marmer, Louvre (Paräis) vum François-Joseph Bosio (17681845)

Den Aristaios war an der griichescher Mythologie de Jong vum Apollo an der Nymph Kyrene. Enger anerer Versioun no soll den Dionysos Papp vum Aristaios gewiescht sinn. An deem Fall gëtt als Gebuertsuert Libyen uginn.

En ass vun den Horen mat Nektar an Ambrosia opgezu ginn a war doduerch onstierflech. De Cheiron huet hie weider erzunn. Vun den Horen huet en den Ubau an d'Notzung vum Uelegbam geléiert, souwéi d'Gewanne vum Hunneg duerch Beienzuucht an d'Weiderveraarbechtung vu Mëllech zu Kéis.

Duerno soll hien de Mënschen den Olivenubau an d'Beienzuucht bäibruecht hunn, souwéi Kéis ze maachen. E war an der Zäit héich veréiert an huet verschidde Bäinimm kritt, sou z. B. "dee Beschten" (e Bäinumm deen normalerweis just den Zeus hat), oder "Agreos" (wat heescht: ech joen), oder och nach "Nomios" (ech weeden), well en d'Mënschen och an deene Saachen ënnerriicht huet.

E war an d'Eurydike, dem Orpheus seng Fra, verléift. Nodeem e se verfollegt huet, ass si op der Flucht virun him un engem Schlaangebëss gestuerwen. Als Rach hunn d'Nymphen dunn all säi Véi a seng Beien ëmbruecht. De Proteus huet em doropshin de Rot ginn an engem Ochsekadaver nei Schwäerm ze ziichten (senger Zäit huet d'Virstellung gegollt datt Insekten an all Zort Kadaver vun eleng kéinten entstoen).

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aristaios – Biller, Videoen oder Audiodateien