Aristyllos vu Samos

Vu Wikipedia
Aristyllos vu Samos
Gebuer 4. Joerhonnert v. Chr.
Samos
Gestuerwen 3. Joerhonnert v. Chr.
Aktivitéit Astronom, Mathematiker

Den Aristyllos gebuer ëm 300 v. Chr. war en Astronom vu Samos. Hien huet am egypteschen Alexandria geschafft.

Den Aristyllos war deen éischte griicheschen Astronom, vun deem geschriwwe gëtt, datt hien (mam Timocharis vun Alexandria) Uertsbestëmmunge vu Fixstäre versicht huet. Seng verluere gaange Schrëft "Iwwer d'Fixstären" ass vum Hipparchos vun Nicäa a vum Ptolemäus benotzt ginn.