Arjuna-Asteroiden
Arjuna-Asteroiden gehéieren zu der Klass vun den äerdnoen Asteroide (engl. Near-Earth asteroid, NEA), eng Grupp vun den äerdnoen Objete (engl. Near-Earth object; NEO).
Charakteristesch fir Asteroide vun dëser Klass ass hir äerdähnlech Orbit mat klenger Bunnschréiegt, klenger Exzentrizitéit an Ëmlafdauer vu ronn engem Äerdjoer. Dofir sinn Asteroide mat dëser seltenen Klass mat verhältnesméisseg klengem Opwand (Delta v) vun der Äerd aus ze erreechen.
Déi onschaarf Definitioun vum Arjuna-Typ ëmfaasst Asteroide vun den dräi etabléierte Kategorien vun äerdnoen Asteroiden Apollo, Amor an Aten.
Anescht wéi déi dräi aner Typklasse gouf d'Arjuna-Klass net no engem Asteroid genannt (vgl. Asteroiden 1221 Amor, 1862 Apollo an 2062 Aten), mä no enger Figur vun der hinduistescher Mythologie: Arjuna, Jong vum Himmelsgott Indra an der Kinnigin Kunti.