Arlette Farge

Vu Wikipedia
Arlette Farge
Gebuer 14. September 1941
Charleville
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cornell University,
École pratique des hautes études
Aktivitéit Historiker, Enseignant, Radiosspeaker

D'Arlette Farge, gebuer 1941 zu Charleville am Departement Ardennes, ass eng franséisch Historikerin.

D'Arlette Farge huet fir d'éischt Droit studéiert, an dat Studium mat engem DEA an der "Histoire du Droit" ofgeschloss. Doduerch huet si hir Vokatioun fir d'Geschicht fonnt an doropshin 1974 hir Thees Délinquance et criminalité: le vol d'aliments à Paris au XVIIIe siècle geschriwwen, déi vum Robert Mandrou dirigéiert gouf.

D'Arlette Farge ass Historikerin op der École des hautes études en sciences sociales (EHESS) an Directrice de recherches historiques um Centre national de la recherche scientifique (CNRS) zu Paräis. Si ass Spezialistin vum 18. Joerhonnert an duerchfuerscht d'Polizeiarchive vun där Zäit. Matt hirer Ekipp Groupe d'histoire des femmes beschäftegt si sech haaptsächlech mat populären Identitéite vum 18. Joerhonnert, de Relatiounen tëscht Männer a Fraen a mat der Manéier wéi Geschicht geschriwwe gëtt.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Arlette Farge, Historikerin an Enseignante um CNRS, ass am Fong ongewollt an d'Geschichtswëssenschaft erakomm. An hirem Buch Quel bruit ferons-nous gëtt ee gewuer datt si sech an hirer fréierer Lycéeszäit net wierklech fir Geschicht intresséiert huet. Nodeem se hire Lycée ofgeschloss hat, wollt si Droit studéiere goen, mä hir Eltere waren dogéint, well se geduecht hunn, datt eng Fra sech bestuede sollt a Kanner kréien, an net studéiere goen. Schlussendlech, dank der Hëllef vun engem vun hire Bridder, krut si d'Méiglechkeet fir ze studéieren. Si ass Juristin ginn, mä si huet séier gemierkt datt dat net hir Vokatioun wier. No engem DEA an Histoire du Droit huet si gemierkt, datt d'Geschicht dat wier, wouru si am meeschten Interessi hätt an hir d'Méiglechkeet géif fir sech z'emanzipéieren.

Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

Doduerch datt d'Arlette Farge de Geschichtsprofesser Robert Mandrou kennegeléiert huet, dee fréier Direkter vum EHESS war, krut se d'Méiglechkeet, fir d'éischt Kéier Polizeiarchiven ze consultéieren. Si huet sech fir eng Thees ageschriwwen déi vum Robert Mandrou dirigéiert gouf. De Robert Mandrou hat e groussen Afloss op d'Arlette Farge, well duerch hien huet si gemierkt, wéi intressant a wéi wichteg et wier, an den Archiven ze schaffen, well een do wäertvoll Informatiounen erauszéie kann. Spéiderhin hu se zesummen iwwer d'Theema Histoire de la vie privée geschafft. Duerno huet si missen duerch eng schwéier Phas goe well se keng Agregatioun hat an och keng Concourse matgemaach hat fir op enger Universitéit kënnen ze schaffen. De Robert Mandrou huet hir virgeschloe fir an den CNRS eranzekommen, mä hien hat kee groussen Afloss well säin Denken net ëmmer vun den anere Mataarbechter acceptéiert gouf. Schlussendlech huet si den Emmanuel Le Roy Ladurie kennegeléiert an duerch hie konnt se hir Thèse d'État schreiwen. Den Zoufall wollt datt si de Jacques Revel kennegeléiert huet, deen Direkter an der EHESS war, an deen d'Kollektioun “Archives” (Juliard) dirigéiert huet. Well hien hir Thees kannt huet, huet e si gefrot ob se iwwer en Theema am stättesche Beräich schreiwe kéint. Si huet du Vivre dans la rue à Paris au XVIIIème siècle geschriwwen, wat hir erméiglecht huet, nom drëtte Versuch eng Plaz um CNRS ze kréien.

Zesummenaarbecht mam Michel Foucault[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem si Vivre dans la rue geschriwwen ha, huet d'Arlette Farge de Michel Foucault kennegeléiert, deen hir proposéiert huet, bei der Auswäertung vun den Archiver vun der Bastille zesummenzeschaffen. Hir gemeinsam Aarbecht iwwer d'Lettres de cachet koum ënner dem Titel Le Désordre des familles eraus. D'Arlette Farge huet sech doran haaptsächlech mat de Relatiounen tëscht Mann a Fra beschäftegt an de Michel Foucault deenen tëscht Elteren a Kanner. An dëser Publikatioun gouf duergestallt, wéi fréier d'Leit hir Geheimnisser dem Kinnek matgedeelt hunn, vun deene se net wollten, datt se duerch eng juristesch Prozedur publik géife ginn. Dës Aarbecht huet hir eng gewëss Notoriétéit an der Geschichtswëssenschaft abruecht.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Aflëss op hiert Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Robert Mandrou an dem Michel Foucault gouf d'Arlette Farge um Ufank vun hirer Karriär och vun aneren Historiker a Philosophen influenzéiert: dem Pierre Bourdieu, dem Jacques Rancière (deen net ëmmer der selwechter Meenung war wéi de Bourdieu), de Roger Caillois, de Walter Benjamin an de Friedrich Nietzsche.[Source?]

D'Arlette Farge ass der Meenung, datt en Historiker ni kann d'Geschicht ganz objektiv gesinn a behandelen, well e vu senger eegener Erfarung a Sensibilitéit beaflosst ka ginn. Fir vill Historiker wier et en Tabu doriwwer ze schwätzen, well Geschicht jo soll eng Wëssenschaft sinn, déi d'Evenementer vun der Mënschheet soll objektiv a rationell behandelen. Mä den et wier nun emol sou, datt den Historiker eng direkt Verbindung mam Sujet huet, deen e behandelt, soudatt heiansdo d'Geschicht kann idealiséiert ginn. Dofir mengt d'Arlette Farge, et kéint een als Historiker net behaapten, eng bestëmmte Wourecht ze besëtzen, an dofir soll ee kritesch sinn, wann een eppes liest, wat en Historiker geschriwwen huet. Et ass also net nëmmen d'Erzielung vun der Geschicht, déi wichteg ass, mä och d'Manéier wéi een d'Geschicht schreift. De literareschen Aspekt huet eng wichteg Plaz an der Geschichtswëssenschaft. D'Arlette Farge leet selwer ganz vill Wäert op de Stil, wéi een d'Geschicht schreift, eppes wat si beim Michel Foucault geléiert hat, deen bekannt fir säi literareschen Don ass.[Source?]

D'Arlette Farge intresséiert sech fir d'Archiver vum 18. Joerhonnert, a probéiert an hiren Aarbechten doriwwer, d'mënschlech Relatiounen un d'Liicht ze bréngen. Ënner engem gewëssen Afloss vum Pierre Bourdieu mengt si, datt déi méi aarm Klass an hirem Aarmut gefaange war a kontrolléiert ginn ass vun der méi héijer Klass. Et wier also een Ongläichgewiicht tëscht deenen, déi de Pouvoir an de Räichtum hunn, an deenen, déi hiert ganzt Liewe laang schaffen, fir aarm ze bleiwen. Si leet och Wäert op d'Relatiounen tëscht Mann a Fra an där Zäit, wou de Mann d'Iwwerhand hat, wat awer net onbedéngt wëll heeschen datt d'Männer a Frae fréier net konnte mateneen eens ginn, am Géigendeel ware se fréier méi oppe wéi hautdesdaags zum Beispill.[Source?]

Fir d'Arlette Farge ass et deemno kloer, datt et eng Klass vu Leit gëtt, déi dominéieren, an eng Klass déi dominéiert gëtt, souwei et och fir si kloer ass, datt Fraen a Männer op der Welt si fir sech ze begéinen a sech wëllen. D'Arlette Farge gesäit och eng aner Binaritéit, nämlech tëscht der Individualitéit an der Kollektivitéit, woubäi si der Meenung ass, datt et do eng Verbindung gëtt déi onzertrennbar ass. Si setzt sech hiert Liewe laang mat deenen Theemen auserneen, wat sech an hire Bicher erëmspijelt wéi La vie fragile, Des Lieux pour l'Histoire, Dire et mal dire - l'opinion publique au 18ème siècle an a villen aneren Artikelen, déi dës Theemen traitéieren.[Source?]

D'Arlette Farge ass och opmierksam op dat wat de Mënsch beaflosst, sech op eng gewësse Manéier ze behuelen. Am Buch Quel bruit ferons-nous? mécht si de Lieser opmierksam op de Processus de victimisation: Jiddwereen ass plus ou moins d'Affer vun der Gesellschaft, vun enger Persoun oder vun engem Evenement. De Problem ass deen: Jiddweree mengt, datt dat zum Alldag vum Liewe gehéiert, an datt een domat liewe soll ouni eppes dogéint z'ënnerhuelen. Si hëlt d'Beispill vun de Revolten a Frankräich tëscht 1960 an 1970, woubäi “Mee 68” ee wichtegen Zäitpunkt war, wou sech d'Leit géint de Kapitalismus an den Imperialismus revoltéiert hunn. Déi Leit, déi deemools matgemaach hunn, haten een enormen Enthusiasmus a Wëllen, fir de System, dee si ënnerdréckt, z'änneren.

D'Arlette Farge bereit, datt vill Leit hir Iwwerzeegunge leie gelooss hu fir hiren Egoismus ze befriddegen, soudatt déi Leit d'Säit gewiesselt hunn a léiwer wichteg a guttbebezuelten Aarbechtsplaze beim Staat gewielt hunn. “ D'Victimisatioun” ass ee Phenomeen, deen ëmmer méi Envergure an der Gesellschaft geholl huet, fir sech ze rechtfertegen, egoistesch ze handelen, a sech net méi fir d'Kollektivitéit z'engagéieren. Sech engagéieren ass wichteg fir d'Historikerin, well d'“parole” ass eng vun de beschte Manéiere fir een dominanten oder diktatoresche System ze denoncéieren an e Wee ze proposéiere fir de System z'änneren.

Si weist sech selwer och als grouss Feministin, a mécht een drop opmierksam, datt bis haut nach ëmmer d'Männer dominant sinn, an datt Fraen nach laang net déi selwecht Rechter hu wéi si, an nach laang net op der Aarbecht sou vill verdéngen. Si mengt awer net datt de Mann schlecht vun Natur aus ass, mä datt den Afloss vun der Gesellschaft hie selwer geännert huet, datt seng Prioritéite sech dobäi och geännert hunn. An deem Sënn huet eis Gesellschaft vill u Mënschlechkeet verluer, u Matleed fir deen aneren an Engagement fir deenen ze hëllefen déi vun der Gesellschaft ënnerdréckt ginn.

D'Arlette Farge weist sech also net nëmmen als Historikerin, déi d'Geschicht nëmme wëll erzielen, mä si wëll hir Lieser drop opmierksam maachen, datt Geschicht erziele sech net nëmmen domat befaasst, Fakten z'erzielen, mä si wëll d'Geschicht och mam Mënschlechen a Sentimentalen a Verbindung setzen.

Niewebäi intresséiert si sech fir Fotografie, si seet z. B. datt dat eng gutt Manéier ass, fir d'Zäit ze stoppen a fir sech u verschidden Evenementer z'erënneren. Hir eege Manéier fir d'Geschicht ze gesinn, hir Intuitiounen an hir Erfarungen erméiglechen et hir, eng eenzegaarteg Analys, Beaarbechtung a Verschaffe vun de Geschichtsarchiven. Fir si ass et wichteg, datt déi Leit, iwwer déi se an den Archiver geschafft huet, op hir Manéier erëm lieweg ze maache fir datt d'Leit vun haut d'Méiglechkeet hunn, op d'Vergaangenheet zeréckzegräife fir d'Géigewaart besser ze verstoen.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Condamnés au XVIIIe siècle, éditions Thierry Magnier, collection Troisième Culture, 2008, 134 p.
  • Essai pour une histoire des voix au dix-huitième siècle, Bayard, Paris, 2009 (ISBN 978-2-227-47796-4).
  • Le Silence, le souffle, La Pionnière, Paris, 2008

avec Laurent Turcot, Flagrants délits sur les Champs-Élysées: Les dossiers de police du gardien Federici (1777-1791), Mercure de France, 2008

  • Effusion et tourment, le récit des corps. Histoire du peuple au XVIIIe siècle, Paris, Odile Jacob, 2007

De la nécessité d'adopter l'esclavage en France. Texte anonyme de 1797, présenté par Myriam Cottias et Arlette Farge, Bayard, Paris, 2007.

  • Quel bruit ferons-nous ?, Paris, Les Prairies Ordinaires, 2005
  • Le Bracelet de parchemin. L'écrit sur soi au XVIIIe siècle, Paris, Bayard, 2003
  • La Nuit blanche, Paris, Seuil, 2002
  • avec Cécile Dauphin, Séduction et sociétés: approches historiques, Paris, Seuil, 2001
  • avec Jean-François Laé, Fracture sociale, Paris, Desclée de Brouwer, 2000
  • Des lieux pour l'histoire, Paris, Seuil, 1997
  • Le Goût de l'archive, Paris, Seuil, 1997
  • avec Cécile Dauphin, De la violence et des femmes, Paris, Albin Michel, 1997
  • « L'histoire sociale », dans L'histoire et le métier d'historien en France 1945-1995, 1995, p. 281-300
  • sous la direction de François Bédarida, Paris, Éditions de la Maison des Sciences de l'Homme
  • Le cours ordinaire des choses dans la cité du XVIIIe siècle, Paris, Seuil, 1994
  • Dire et mal dire, l'opinion publique au XVIIIe siècle, Paris, Seuil, 1992
  • avec Jacques Revel, Logiques de la foule, l'affaire des enlèvements d'enfants - Paris 1750, Paris, Hachette, 1988
  • La vie fragile: Violence, pouvoirs et solidarités à Paris au XVIIIe siècle, Paris, Hachette, 1986
  • avec Michel Foucault, Le Désordre des familles, lettres de cachet des Archives de la Bastille, Paris, Gallimard Julliard, 1982
  • « L'espace parisien au XVIIIe siècle d'après les ordonnances de Police », dans Ethnologie française, vol. vol. XII, no 2, avril-juin 1982, p. 119-126
  • Vivre dans la rue à Paris au XVIIIe siècle, Paris, Gallimard, 1979
  • avec A. Zysberg, « Les théâtres de la violence à Paris au XVIIIe siècle », dans Annales. Économies, sociétés, civilisations, no 5, 1979, p. 984-1015
  • Délinquance et criminalité: le vol d'aliments à Paris au XVIIIe siècle, Paris, Plon, 1974

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • « La parole comme événement », entretien avec Arlette Farge, Nouveaux regards n° 30, juillet-septembre 2005 [lire en ligne]
  • Sylvain Parent, « entretien avec Arlette Farge », Tracés. Revue de sciences humaines, avril 2004, p. 143-148 traces.revues.org/index3383.html
  • Arlette Farge, « Entre ferveur et douleur, le peuple parisien au temps des Lumières », conférence du 24 octobre 2003, Université de tous les savoirs [lire en ligne]
  • « Penser et définir l'événement en histoire. Approche des situations et des acteurs sociaux », Terrain. Revue d'ethnologie de l'Europe, n°38, mars 2002 [lire en ligne]
  • hilippe Artières, Arlette Farge et Pierre Laborie, « Témoignage et récit historique », Sociétés & Représentations, 2002/1 - n° 13, Nouveau Monde éditions, ISBN 2-85944-451-3, p. 199 à 206 [lire en ligne]
  • « Le siècle mineur », entretien réalisé par Stany Grelet et Philippe Mangeot, Vacarme n°15, printemps 2001 [lire en ligne]
  • « Les plus pauvres portent des écrits sur eux », Revue Quart Monde n°174, 2000 [lire en ligne]
  • « La vie des plus pauvres doit bousculer le récit de l'historien », Revue Quart Monde n°169, 1999 [lire en ligne]
  • « Y a-t-il un espace public populaire ? » - Entretien avec Eustache Kouvelakis, in Futur Antérieur n°39-40, septembre 1997 [lire en ligne]