Armand Dousemont

Vu Wikipedia
Armand Dousemont
Gebuer 15. Juli 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Gréisst 176 Zentimeter
Gewiicht 88 kg

Den Armand Dousemont, gebuer de 15. Juli 1952 an der Stad, ass e lëtzebuergesche Sportschéisser an Olympionik.[1]

Op den Olympesche Summerspiller 1996 zu Atlanta huet hie Lëtzebuerg am Trapschéisse vertrueden. Hie konnt sech do an der Finall am einfachen Trapschéissen op der 42. Plaz klasséieren an am Double-Trap op der 33.[2]

2001 konnt hien eng éischt Plaz bei der Internationaler Staatsmeisterschaft zu Hirtenberg an Éisträich maachen a bei de Spiller vun de klenge Staate vun Europa 2005 zu Andorra konnt hien eng Sëlwermedail mat Heem huelen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kevin Zender: Ich bin ein großer Tierfreund - Lange nichts mehr gehört vom... ehemaligen Trapschützen und Olympiateilnehmer Armand Dousemont, am Luxemburger Wort vum 30. Januar 2019 S.45, och als Online-Artikel

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Armand Dousemont op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Den Armand Dousemont op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeosie des Olympiens'