Armenier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Armenier (ëm 1890)
Armenierin (1883)
Traditionellt Gezei

D'Armenier (Armenesch Հայեր - Hajer) sinn e Vollek, dat zanter iwwer 2700 Joer am Gebitt tëscht dem Héichland vun Ostanatolien an dem Südkaukasus doheem ass.

An Armenien an an dem de facto onofhängege Biergkarabach sinn déi meescht Awunner Armenier (zesumme ronn 3,4 Milliounen, Stand 2010). Mat 5-7 Milliounen ass et awer d'Diaspora déi de gréissten Deel vun den haitegen Armenier ëmfaasst, dëst och als Resultat vum tierkesche Genozid un den Armenier, wouduerch vill Iwwerliewender sech an aner Länner gerett hunn. Déi gréisst armenesch Populatioune baussent dem Kärland existéieren haut a Russland, USA, Frankräich, Georgien, Iran, Libanon a Syrien.

D'Kinnekräich vun Armenien a senger gréisster Ausdehnung (95-66 v. Chr.)
Historescht an aktuellt Kärland vun den Armenier
Fréit 20. Jh.: ██ >50% ██ 25-50% ██ <25%
██ Haut
Kaart vun der haiteger Diaspora

Déi meescht Armenier gehéieren zur Armenesch Apostolescher Kierch, déi och déi eelst national Kierch vun der Welt ass. D'Chrëschtentum huet sech an Armenien kuerz nom Jesus sengem Doud verbreet, duerch d'Efforte vun zwee vu sengen Apostelen, dem Hl. Thaddäus an dem Hl. Bartholomäus. Am fréie 4. Joerhonnert ass d'Kinnekräich Armenien dat éischt Vollek gewiescht dat d'Chrëschtentum als Staatsrelioun ugeholl huet.

Armenesch ass eng indoeuropäesch isoléiert Sprooch. Si huet zwou géigesäiteg verständlech a geschriwwe Formen: Ostarmenesch, wat haut haaptsächlech an Armenien, Biergkarabach, Iran an an de fréiere Sowjetrepublike geschwat gëtt, a Westarmenesch, wat am historesche Westarmenien an, nom Genozid, an der Diaspora geschwat gëtt. Dat eenzegaartegt Armenescht Alphabet gouf am Joer 405 n. Chr. vum Hellegen a Linguist Mesrop Maschtoz geschaf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Armenier – Biller, Videoen oder Audiodateien