Arnfinn Nesset

Vu Wikipedia
Arnfinn Nesset
Gebuer 25. Oktober 1936
Stjørna
Nationalitéit Norwegen
Aktivitéit Infirmier

Den Arnfinn Nesset, gebuer de 25. Oktober 1936 zu Trøndelag, ass en norwegesche verurteelte Seriemäerder. Hien huet tëscht 1977 an 1980 op d'mannst 22 Leit ëmbruecht. Et gëtt ugeholl, datt hie wärend 20 Joer am Ganzen iwwer 100 Leit vergëft huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nesset gouf 1936 als Kand vun net mateneebestueten Eltere gebuer an ass bei senger Mamm opgewuess. Mat sengem Papp hat hie kee Kontakt. Hien huet sech zum Infirmier ausbilde gelooss an ass 1977 als Chefinfirmier an engem Fleegeheem zu Orkdal agestallt ginn. 1981 gouf hie verhaft, well eng Rei verdächteger Doudesfäll am Heem un d'Lucht komm sinn an en aneren Employé matkrut, datt den Nesset eng grouss Quantitéit vum Muskel-relaxéierend Medikament Suxamethonium Chlorid bestallt hat. Ufanks huet hien nach behaapt, hien hätt et kaaft fir wëll Hënn ronderëm d'Heem ze vergëften, mä dunn huet hien d'Muerden un 27 Patiente zouginn, deenen hien dat Mëttel gesprëtzt hat.[1]

Den Nesset gouf wéinst Mord a 25 Fäll ugeklot, mä hien huet méi spéit säi Geständness zeréckgezunn an all Uklopunkte wärend sengem fënnef Méint laange Prozess bestridden. Am Mäerz 1983 ass hie wéinst Vergëftung vun 22 Patiente an engem versichte Mord zu 21 Joer Prisong verurteelt ginn. An zwéi Fäll gouf hie fräigesprach. 21 Joer waren zu där Zäit d'Maximalstroof ënner dem norwegesche Gesetz, bei déi duerno nach 10 Joer Sécherheetsretentioun derbäikoumen. Et gëtt ugeholl, datt den Nesset bis zu 138 vu senge fréiere Patiente vergëft huet. Den Nesset ass awer no 12 Joer wéinst guddem Behuele fräikomm a lieft haut ënner engem aneren Numm op enger onbekannter Plaz.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arnfinn Nesset op murderpedia.org (gekuckt den 22. Februar 2013)