Arno J. Mayer

Vu Wikipedia
Arno J. Mayer
Gebuer 19. Juni 1926
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Dezember 2023
Nationalitéit USA, Lëtzebuerg
Educatioun Yale Universitéit,
City College of New York
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences

Den Arno Joseph Mayer, gebuer den 19. Juni 1926 zu Lëtzebuerg a gestuerwen de 17. Dezember 2023 zu Princeton, New Jersey[1],[2], war en US-amerikaneschen Historiker mat lëtzebuergeschen Originnen.

Hie war Universitéitsprofesser zu Princeton (USA). Seng Fuerschungsgebidder si virun allem d'europäesch Geschicht, besonnesch wärend dem, wéi hien et nennt, "Zweeten Drëssegjärege Krich" tëscht 1914 an 1945, d'international Diplomatie, an d'Shoah (fir déi hien den Term "Judeozid" gebraucht, fir eng reliéis deterministesch Vue ze vermeiden).

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Arno Mayer, Jong vu jiddeschen Elteren, ass an der Nuecht op den 10. Mee 1940, just ier Lëtzebuerg vun däitschen Truppe besat gouf, iwwer Marseille, Casablanca a Lissabon mat der Famill an d'USA an den Exil gaangen. Do huet hien 1944 déi amerikanesch Nationalitéit ugeholl. An der amerikanescher Arméi gouf hien, ë. a. wéinst senge gudden Däitschkenntnisser, beim Verhéiere vu Krichsgefaangenen agesat. Hie koum an de Camp P. O. Box 1142, e geheimt Luxus-Krichsgefaangelager südlech vu Washington, wou hien, zu senger Verwonnerung an Entsetzen, den Optrag hat, als sougenannte Morale officer, sech ëm d'Wuelbefanne vu gefaangenen däitschen Offizéier, Industrieller a Wëssenschaftler (wéi de Wernher von Braun) ze këmmeren. De But war, se dozou ze bréngen, fir d'USA ze schaffen, fir datt d'Land op déi Manéier Virdeeler am Kale Krich, dee sech um Horizont ofgezeechent huet, kréich. De Mayer sot spéiderhin, hien hätt ongewosst an ongewollt derzou bäigedroen en drëtte Weltkrich ze preparéieren.[3]

Hien huet vun 1949 un op der Yale Universitéit studéiert an do 1959, seng Doktoratsthes Wilson versus Lenin: political origins of the new diplomacy verëffentlecht, an där en den Ëmbroch vun den internationale Bezéiungen nom Éischte Weltkrich beschriwwen huet (wat en "Nei Diplomatie" genannt huet), deen duerch d'Politicke vum amerikanesche President Wilson op där enger Säit, der Russescher Revolutioun op der anerer, provozéiert gi war. Seng Theorie, déi en an de Joren duerno virunentwéckelt huet, seet, datt wärend d'Wirtschaft an d'Technik sech rasant zanter der Industrieller Revolutioun weiderentwéckelt hätten, d'Diplomatie an Europa sech, well do virun allem Adeleger un de Schalthiewele souzen, déi Angscht ëm hir Privileegien haten, méi lues entwéckelt hätt, a sou d'Katastroph vum Éischten an Zweete Weltkrich (déi fir hien net ze dissociéiere sinn, a fir déi en de Begrëff Zweeten Drëssegjärege Krich agefouert huet), vum Faschismus a vun der Shoah, erméiglecht gi wier.

Dem Arno Mayer säi Papp, de Frantz (Frank) Mayer, war de Grënner vun der zionistescher Beweegung zu Lëtzebuerg. Obwuel hien net reliéis war, ass den Arno Mayer 1950 e Summer laang an Israel gaangen, fir do d'Experienz vum Liewen am marxistesche Kibbuz Hashomer Hatzair ze maachen. Hie war awer vun Ufank u kritesch géintiwwer der ethnozentrescher Vue vum Staat Israel a war mam Martin Buber enger Meenung, datt nëmmen en ethnesch gemëschte Staat vu Judden a Palestinenser e Konflikt an där Regioun verhënnert hätt. Well hie sech och selwer als Marxist definéiert huet, huet den Arno Mayer et an den 1950er Joren, am Kontext vum Maccarthismus an de Vereenegte Staaten net einfach gehat.

Hien huet noeneen op de Léierstill fir Geschicht op der Wesleyan University (1952-1953), an deene vu Brandeis (1954-1958), Harvard (1958-1961) a Princeton (zanter 1961) Course ginn. 1970 war hie fir een Dag am Prisong, well e bei enger Aktioun vun zivillem Net-Follege matgemaach hat, fir géint d'Participatioun vun engem Departement vun der Princeton Universitéit um Vietnamkrich ze protestéieren.

Säi Buch Why Did the Heavens Not Darken huet him vill Kriticken abruecht. Dora vertrëtt hien, vereinfacht gesot, d'Thees, d'Shoah wier éischter aus antikommunistesche wéi aus antisemittesche Motivatioune vum Hitler ageleet ginn.

An deene leschte Joren huet hie sech kritesch mat der amerikanescher Aussepolitik auserneegesat, déi en als imperialistesch bezeechent huet.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Wilson versus Lenin: political origins of the new diplomacy, 1959.
  • Post-War Nationalisms, 1918-19, pages 114-126 from Past and Present, Volume 34, 1966.
  • Politics and Diplomacy of Peacemaking: Containment and Counter-Revolution at Versailles, 1918-19, 1967.
  • Dynamics of Counter-Revolution in Europe, 1870-1956: An Analytical Framework, 1971.
  • Lower Middle Class as Historical Problem pages 409-436 from Journal of Modern History, Volume 47, 1975.
  • Internal Crisis and War Since 1870 from Revolutionary Situations in Europe, 1917-22 edited by Charles L. Bertrand, 1977.
  • The Persistence of the Old Regime: Europe to the Great War, 1981. (fr): La persistance de l'Ancien Régime, l'Europe de 1848 à la Grande Guerre, (de): Adelsmacht und Bürgertum. Die Krise der europäischen Gesellschaft 1848-1914. München 1984.
  • Why Did the Heavens Not Darken? The "Final Solution" in History, 1988. (fr): La "Solution finale" dans l'histoire, La Découverte, 2002, (de): Der Krieg als Kreuzzug, Das Deutsche Reich, Hitlers Wehrmacht und die "Endlösung"; Rowohlt, 1989; ISBN 3-498-04333-1.
  • '"Memory and History: On the Poverty of Forgetting and Remembering about the Judocide". in: Radical History Review, Volume 56, 1993, S. 5-20.
  • The Furies: Violence and Terror in the French and Russian Revolutions, 2001. (fr): Les Furies (1789-1917). Violence, vengeance, terreur. Paris, Fayard, 2002.
  • "Réflexions intempestives", Iwwersat aus dem Englesche vum Françoise Cartano in Le Monde, 27.09.2001, nogedréckt am forum 219, September 2002, S.5-8
  • "The Praise of Cassandra", 2003
  • "Bush-Bashing and the Empire's Onward March: Back to Cleopatra's Nose", in: Counterpunch April 7/8, 2007.
  • Plowshares into Swords. From Zionism to Israel. Verso, London, New York, 2008. (fr): De leurs socs, ils ont forgé des glaives. Histoire critique d'Israël; Fayard, 2009; ISBN 978-2-213-63733-4.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thomas, Bernard, 2023. Le dissident. Arno J. Mayer. land Nr. 51 vum 22. Dezember 2023, S. 21.
  • Michel Erpelding, Bernard Thomas: "Itinéraire d'un exilé luxembourgeois: Entretien avec Arno J. Mayer, historien américain né en 1926 à Luxembourg, sur l'antijudaïsme dans la cour de récré, la nuit du 10 mai 1940, l'exil new-yorkais, la guerre froide et sur son temps passé avec Wernher von Braun." Interview am forum Nr.328, Abrëll 2013, S.11-17.
  • Wey, Claude: "Arno J. Meyer, historien à l'université de Princeton", in:Retour de Babel, vol. 3, Luxembourg 2007, S.208-214.
  • Wehenkel, Henri: "Arno J. Meyer. Né à Luxembourg, historien dissident, voix de l'autre Amérique", in: forum Nr. 236 (2004), S. 44-48. an archivéiert.
  • Blackbourn, David & Eley, Geoff: The Peculiarities of German History: Bourgeois Society and Politics in Nineteenth Century German History, Oxford: Oxford University Press, 1984.
  • Fry, Michael and Gilbert, Arthur: "A Historian and Linkage Politics: Arno J. Mayer" in: International Studies Quarterly, Volume 26, 1982, S. 425-444.
  • Lundgreen-Nielsen, Kay: "The Mayer Thesis Reconsidered: The Poles and the Paris Peace Conference, 1919", in: International History Review, Volume 7, 1985, S. 68-102.
  • André Loez, Nicolas Offenstadt: "Un historien dissident ? Entretien avec Arno J. Mayer", in: Genèses, 49, Dez. 2002, S. 123-139 (en Interview mat zwéi vu senger Schüler).
  • Perry, Matt: "Mayer, Arno J." in: The Encyclopedia of Historians and Historical Writing, Volume 2, edited by Kelly Boyd, Volume 2, London: Fitzroy Dearborn Publishing, 1999, S. 786-787.
  • Righart, Hans: "`Jumbo-History': perceptie, anachronisme en `hindsight' bij Arno J. Mayer en Barrington Moore" in: Theoretische Geschiedenis, Volume 17, 1990, S. 285-295.
  • Thompson, E. P.: The Poverty of Theory and Other Essays, London: Merlin Press, 1978.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arno J. Mayer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.newstatesman.com/ideas/2023/12/arno-j-mayer-twentieth-century
  2. "Arno Mayer passes away." history.princeton.edu, 21.12.2023.
  3. Vgl. den Documetaire Camp Confidential: America's Secret Nazis vum Daniel Sivan a Mor Loushy. Stopp Press! Productions, Babka, Netflix Worldwide Productions 2021. Ze gesinn op Netflix.