Arno Penzias

Vu Wikipedia
Arno Penzias
Gebuer 26. Abrëll 1933
München
Gestuerwen 22. Januar 2024
San Francisco
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Däitschland, apatride, USA
Educatioun Columbia University,
City College of New York
Aktivitéit Astronom, Physiker
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Engineering, American Physical Society, International Astronomesch Unioun

Den Arnold Allan Penzias, gebuer de 26. Abrëll 1933 zu München ass en US-amerikanesche Physiker an Astronom.

De Penzias krut 1978 zesumme mam Robert Woodrow Wilson de Physik-Nobelpräis fir d'Entdeckung vun der kosmescher Mikrowellen-Hannergrondstralung.

De Penzias konnt sech 1939 am Alter vu sechs Joer mat engem Kannertransport vun Däitschland an England dovu maachen. Nodeem seng Elteren nokomm waren, si se zesummen am Joer 1940 an Amerika geflücht, wou de Penzias 1946 agebiergert gouf. 1951 huet hie seng High School fäerdeg gemaach, an 1954 säi Bachelor-Ofschloss am City College of New York gemaach. Op der Columbia University krut hien am Joer 1958 ee Master-Ofschloss. Seng Promotioun ass 1962 derbäikomm.

Bei Aarbechten déi hien zesumme mam Wilson 1964 zu Holmdel, am US-Bundesstaat New Jersey, un de Bell Laboratoiren hirer grousser Funkantenn, gemaach huet, sinn déi zwéin op ee lästegt Hannergrondrausche gestouss, dat aus alle Richtunge koum an ëmmer d'selwecht war. Déi béid hunn e ganzt Joer no der Ursaach gesicht, déi hir eigentlech experimentell Aarbecht onméiglech gemaach huet.

De Robert Henry Dicke, deen op der Nopeschuniversitéit Princeton mat enger Aarbechtsgrupp no der Hannergrondstralung gesicht huet, huet no engem Telefonat vun deenen zwéin ugeholl, datt si déi vum George Gamow virausgesot Stralung zoufälleg fonnt haten. Kuerz duerno sinn an der Fachzäitschrëft Astrophysical Journal zwéin Artikele publizéiert ginn. Den Artikel vum Penzias a Wilson huet beschriwwen, wéi si op d'Hannergrondstralung gestouss sinn an de Robert Henry Dicke huet am zweeten Artikel geschriwwen, ëm wat et sech derbäi handelt.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arno Penzias – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie