Arnulf vu Metz

Vu Wikipedia
De Patréiner vun de Béierbrauer.
Op der Fassade vun der fréierer Mouselsbrauerei a Clausen

Den Arnoul oder Arnulf vu Metz, och Hellegen Arnoul/Arnulf genannt, gebuer géint 582 zu Lay-Saint-Christophe a gestuerwe 640 bei Remiremont, war Bëschof vu Metz. Hien huet ënner dem Pippin dem Eeleren an Austrasien geherrscht, éier en an d'Klouschter Saint-Mont agetrueden ass. Hien huet d'Dynastie vun den Arnulfinger gegrënnt, déi mat de Pippiniden alliéiert waren, a war de Karolenger hiren Haushellegen.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer dem Arulf seng Virfahren ass näischt bekannt. 612 huet den Arnulf sech zum Geeschtleche weie gelooss, nodeem seng Fra, d'Doda, an d'Klouschter gaange war. Nieft senge politeschen Ämter, déi en hat, gouf e 614 zum Bëschof vu Metz ernannt.

Zesumme mam Pippin dem Eeleren huet hie sech 613 mam neustresche Kinnek Chlothar II. zesumme gedoen, fir der Wittfra vum Kinnek Sigibert I., d'Brunichild, déi an Austrasien an an der Bourgogne un der Muecht war, meeschter ze ginn. Si hunn d'Brunichild gestierzt, an de Chlothar gouf Meeschter vum ganze Frankeräich. Am Edictum Chlotharii huet hien awer dem austrasesche Adel garantéiert, hir Pouvoiren net a Fro ze stellen.

Den Arnulf gouf Conseiller um Chlothar sengem Haff. Wéi dem Chlothar säi Jong Dagobert I. mat 15 Joer Ënnerkinnek vun Austrasie gouf, ass den Arnulf säin Erzéier ginn. Den Dagobert ass 629 an Neustrien gaange fir Herrscher vum Frankeräich ze ginn, an domat haten den Arnulf an de Chlotar net méi vill ze dinn. Den Arnulf huet sech an d'Klouschter zu Remiremont an de Vogesen zeréckgezunn, wou en ëm 640 gestuerwen ass. Hie gouf do begruewen, méi spéit gouf en op d'Metz an d'Kierch St. Arnulf ëmgeluecht.

Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

Den Arnulf vu Metz war Papp vun zwéi Jongen:

  • De Chlodulf, deen ëm 660 och Bëschof vu Metz war
  • Den Ansegisel, deen 662 attestéiert ass, viru 679 erschloe gouf, an deen d'Begga, d'Duechter vum Pippin dem Eelere bestuet huet.

Patréiner[änneren | Quelltext änneren]

A verschiddene Géigende gëtt den Hellegen Arnulf als Patréiner vun de Béierbrauer veréiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne Stamm, Guy Ginion & Charles de Vaulx (mat engem Virwuert vum Otto v. Habsburg-Loutrengen), Saint Arnoul, ancêtre de Charlemagne et des Européens; Metz (Les Lutrins de la Cour d'Or; Drock: Imprimerie L. Hellenbrand), 1989. ISBN 2-901071-02-3

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arnulf vu Metz – Biller, Videoen oder Audiodateien