Messier 87

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Arp 152)
Stärebild Virgo
De Jet, deen aus dem Zentrum vun der elliptescher Galaxis Messier 87 erauskënnt, kënnt vun engem supermassive schwaarze Lach hierstamen.

De Messier 87 (och als NGC 4486 bezeechent) ass eng +8,60 mag hell elliptesch Risegalaxis mat enger Flächenausdeenung vun 8.7' × 6.6' am Stärebild Virgo (Jongfra oder och Joffer op Lëtzebuergesch). De Messier 87 ass eng ganz aktiv Galaxis, déi als Radioquell och als Virgo A bezeechent gëtt. D'Galaxis ass no beim Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup, wou den M87 dee gréissten ass, obwuel si un Hellegkeet am visuelle Beräich vum Spektrum vum M49 iwwertraff gëtt. D'Mass vum M87 ass ronn 100 Billioune Sonnemassen. Et gëtt ugeholl, datt am Zentrum vun dëser Galaxis e supermassivt Schwaarzt Lach mat enger Mass vun 3×109 Sonnemassen ass. Een däitlecht Zeechen dorop ass de siichtbare Jet, dee vum Zentrum vun der Galaxis fortgeet.

Den M87 huet dat bis elo gréisst bekannt System vu Kugelstärekéip vun enger Galaxis. Wärend eis Mëllechstrooss ronn 200 Kugelstärekéip huet, geet een beim M87 vun enger Zuel ëm 15.000 souer Objeten aus. Um Bild op der Säit sinn déi meescht vun de stärenaartege Punkten am Beräich vun der Galaxis Kugelstärekéip.

Daten[änneren | Quelltext änneren]

Koordinaten (Equinoxe 2000.0)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]