Arrondissementer am Departement Bas-Rhin

Vu Wikipedia

D'Departement Bas-Rhin huet 7 Arrondissementer mat den Haaptuertschafte Wissembourg, Sélestat, Saverne, Molsheim, Haguenau a Stroossbuerg als Chef-lieu vun zwéin Arrondissementer.

D'Arrondissementer sinn:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • 1790 gëtt d'Departement mat 4 Distrikte gegrënnt: Benfeld, Haguenau, Stroossbuerg a Wissembourg
  • Den Distrikt Sarre-Union kënnt nach derbäi.
  • Den Distrikt Benfeld gëtt op Schlestadt geréckelt.
  • 1800 ginn d'Arrondissementer Barr, Saverne, Stroossbuerg a Wissembourg gegrënnt.
  • 1806 gëtt d'Ënnerprefecture Barr op Schlestadt geréckelt.
  • 1871 verschwënnt d'Departement vun der franséischer Kaart, well et un Däitschland ugeschloss gëtt.
  • 1919 kënnt d'Departement erëm bei Frankräich, mat den Arrondissementer Erstein, Haguenau, Molsheim, Saverne, Sélestat, Strasbourg-Ville, Strasbourg-Campagne a Wissembourg
  • 1974 ginn d'Arrondissementer Sélestat an Erstein zesummegeprafft am Arrondissement Sélestat-Erstein, mat der Ënnerprefecture zu Sélestat.
  • 2015 Mam Dekreet N°2014-1722 vum 29. Dezember 2014 ginn d'Arrondissementer Strasbourg-Campagne a Wissembourg vum 1. Januar 2015 un, suppriméiert an d'Arrondisementer Hagenau a Strasbourg-Ville ginn op Haguenau-Wissembourg an op Stroossbuerg ëmgedeeft.