Arrondissementer am Departement Manche

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Departement Manche setzt sech zesummen aus véier Arrondissementer mat folgenden Haaptuertschaften: Saint-Lô, Avranches, Cherbourg-Octeville a Coutances.

Déi véier Arrondissementer sinn:

Geschicht [änneren]

  • 1790 gëtt d'Departement Manche mat folgende siwen Distrikter gegrënnt: Avranches, Coutances, Cherbourg, Valognes, Carentan, Saint-Lô a Mortain.
  • 1796 gëtt d'Prefecture vu Coutances op Saint-Lô verluecht.
  • 1800 ginn d'Distrikter duerch d'Arrondissementer Avranches, Coutances, Mortain, Saint-Lô, a Valognes ersat.
  • 1811 gëtt d'Arrondissement Cherbourg gegrënnt.
  • 1926 ginn d'Arrondissementer Mortain a Valognes suppriméiert
  • 1944 gëtt d'Prefecture provisoresch op Coutances verluecht, bis zu Saint-Lô d'Gebai dat am Krich zerstéiert gouf erëm nei opgeriicht gouf.
  • 2000 no der Fusioun vu Cherbourg mat Octeville gëtt d'Arrondissement Cherbourg a Cherbourg-Octeville ëmgedeeft.