Ars-en-Ré
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | La Rochelle | ||||
| Kanton | Ars-en-Ré | ||||
| Code Insee | 17019 | ||||
| Postcode | 17590 | ||||
| Koordinaten | 46° 12' 29" N 01° 30' 57" W |
||||
| Fläch | 1 095 ha | ||||
| Bevëlkerung | 1 294 Aw. (1999) | ||||
Ars-en-Ré ass eng franséisch Gemeng op der Île de Ré am Departement Charente-Maritime an der Regioun Poitou-Charentes.
Et ass eng Uertschaft mat engem klengen Hafen deen nëmme bei Flut schëffbar ass, am Norweste vun der Insel. Si grenzt am Nordosten an am Osten un de Fier d'Ars, am Norden un d'Gemeng Saint-Clément-des-Baleines, an am Osten u La Couarde-sur-Mer. Am Süden an am Weste stéisst se un den Atlantik, an ass op der ganzer Längt vun der Küst duerch eng Digue protegéiert, déi sech an den Norden erop, bis bei de Phare des Baleines zitt.
[änneren] Kuckeswäertes
- D'Kierch vun Ars mat hirem schwaarzem Tuerm, deen d'Fonktioun vun engem Séizeechen huet.
- D'Batterie Karola um Atlantikwall.
- Al Millen déi als Wunnhaiser ëngebaut goufen.
- De Fier d'Ars an d'Salzsuppen
- D'Gare vun der fréierer Schmuelspurbunn vun 1898 am Hafen.
- De Matray, déi schmuelste Plaz op der Insel déi de Fier d'Ars vum Atlantik trennt, déi knapps 50 Meter breet ass, an iwwer déi d'Departementale D735 féiert.
- D'Surfplage op der Pointe de Grignon.
[änneren] Kuckt och
- Departement Charente-Maritime
- Arrondissementer am Departement Charente-Maritime
- Kantonen am Departement Charente-Maritime
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Charente-Maritime
| Commons: Ars-en-Ré – Biller, Videoen oder Audiodateien |