Arsenal (Wien)

Vu Wikipedia
Wiener Arsenal

Den Arsenal ass e fréiere militäresche Komplex vu Gebaier am Südoste vu Wien am 3. Wiener Gemengebezierk.

Déi mächteg Anlag, déi aus Gebaier aus rouden Zille besteet, steet op engem rechteckege Grondrëss um Hiwwel südlech vum Landstrasser-Gürtel. Si ass déi wichtegst profan Baugrupp vum romanteschen Historismus zu Wien a gouf an italieenesch-mëttelaltereche respektiv byzantinesch-islamesche Formen ausgefouert. Am wesentlechen ass d'Anlag nach an hirer ursprénglecher Form erhalen, nëmmen d'Ateliersgebaier am Haff goufen duerch nei Gebaier ersat.

D'Anlag gouf bei Geleeënheet vun der Mäerzrevolutioun 1848 vun 1849 bis 1856 gebaut a war den éischte Bau vum Festungsdräieck, deen déi al Stadbefestegung ofgeléist huet, mat der Rossauer Kasär an enger Kasär um Stubenring. Dobäi goufen d'Bauwierker ënner der Zouweisung vu Secteure vun den Architekte Carl Rösner, Antonius Pius de Riegel, August Sicard von Sicardsburg, Eduard van der Nüll, Theophil von Hansen a Ludwig Förster geplangt a vum Baumeeschter Leopold Mayr gebaut. Den Heeresgeschichtleche Musée gouf eréischt 1891 fäerdeg ausgebaut. Duerno koum et ëmmer nees zu Erweiderungen. Wärend de Weltkricher war de Gebaierkomplex eng Kasär an eng Waffefabrik.

Den Arsenal war awer net ëmmer en Deel vum 3. Bezierk vu Wien, vum Bau bis an d'Joer 1938 huet dësen Territoire zum Bezierk Favoriten gezielt. Wéi awer am Drëtte Räich de Reichsgau Grouss-Wien an d'Liewe geruff ginn ass, goufen den Arsenalkomplex an d'Territoire südëstlech dovun Deeler vum drëtte Bezierk.

1945 gouf de ganzen Territoire duerch Bomme schwéier beschiedegt, mä konnt awer gréisstendeels a senger ursprénglecher Form nees hiergestallt ginn. Et koumen awer, virun allem am südlechen Deel am Bannenhaff, e puer nei Gebaier dobäi, sou zum Beispill vun 1959-63 d'Dekoratiounsateliere vun de Bundestheateren, 1961-63 d'Fernmeldezentralamt an 1973 d'Betribs- a Bürosgebai vun der Post- an Telegraphendirektioun fir Wien, Nidderéisträich an d'Burgenland (haut Technologiezentrum Arsenal vun der Telekom Austria) mam 160 Meter héije Funktuerm Wien-Arsenal.

Och de Fuerschungszentrum Arsenal, dee sech mat enger vun de gréisste Klimakummere weltwäit (an der Tëschenzäit op Floridsdorf geplënnert) en Numm gemaach hat, gouf am Komplex ënnerbruecht. E klengen Deel vun der Anlag gëtt haut och nach vun der éisträichescher Arméi als Kasär benotzt.

Am Arsenal ass och d'Proufbün vum Burgtheater grad wéi d'Zentraldesinfektiounsanstalt vun der Gemeng Wien. An engem Deel vum Arsenal gëtt et haut och Wunngebaier.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter a Wolfgang Schubert, Das Wiener Arsenal, Mayer & Comp. (ISBN 3-902177-03-9)
  • Josef Gerdenitsch, Das Wiener Arsenal in der Ersten Republik; die politische, wirtschaftliche und militärische Bedeutung in den Jahren 1918 - 1927, Universitéit Wien, 1968.
  • Erich Schroll an Alfred Diemling, Arsenal 2000: Bundesversuchs- und Forschungsanstalt Arsenal, Metrica-Fachverlag Bartak, 1990. (ISBN 3-900368-19-8)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arsenal (Wien) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[Quelltext änneren]