Avenue Émile-Reuter

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Arsenalstrooss)
Avenue Émile-Reuter
Lëtzeb. Numm Arsenalstrooss
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Deel vun Nationalstrooss 6
Postcode L-2420
Koordinaten 49°36'45,29"N, 6°7'19,67"O, 49°36'44,24"N, 6°7'32,59"O, 49°36'47,84"N, 6°7'11,93"O
Morphologie
Längt 440 m
Héicht i. M. 303 m
Geschicht
Genannt 25. November 1974
Genannt no Émile Reuter

D'Avenue Émile-Reuter an der Stad Lëtzebuerg verbënnt de Boulevard Royal laanscht de Stater Park mat der Stäreplaz. Si ass en Deel vun der Nationalstrooss 6.

Vu Westen no Oste gekuckt, fënnt een an der Arsenalstrooss op der südlecher Stroossesäit déi fréier Clinique Ste Elisabeth, haut “CIPA Ste Elisabeth am Park” an op der anerer Stroossesäit déi däitsch Ambassade, d'Villa Vauban, d'Charlys Gare an op der Plaz vum fréiere Policekommissariat de Familljeministère.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss huet uganks Areler Strooss geheescht, duerno Arsenalstrooss (Avenue de l'Arsenal, ca. 1795)[1]. Den Numm Arsenalstrooss ass zum Deel nach haut geleefeg[1]. Fréier(bis wéini?) ass d'Arsenalstrooss am Osten iwwer de Boulevard Royal ewech bis bei d'Neipuertsgaass gelaf[2],[3]. Deen Deel gehéiert hautdesdaags zur Groussgaass.

An der spuenescher Zäit (1674) stoung an der Strooss - tëscht der Rue Aldringen an der Rue Beck - déi deemoleg Artilleriekasär. Dat Gebai ass 1869 an de Besëtz vun der Stad iwwergaangen an et waren eng Museksschoul, eng Händschefabrick an eng Handwierkerschoul dran. D'Arsenal vun deem d'Strooss hiren Numm huet, gouf 1685 vun de Fransouse gebaut an ass 1872 ofgerappt ginn[1].

Nom Schleefe vun der Festung war d'Arsenalstrooss déi éischt Strooss, déi riichtewech aus dem Zentrum erausgefouert huet. Um Eck mam Boulevard Royal huet de Fotograf Charles Bernhoeft sech 1901 säi Wunn- a Geschäftshaus baue gelooss. 1924 gouf dat vun der Assurancëgesellschaft La Luxembourgeoise opkaaft, déi et 1969 ofrappe gelooss hunn, fir et duerch e Bürosgebai, dat den Architekt Laurent Schmit entworf hat, z'ersetzen. Dëst gouf sengersäits 2015 ofgerappt, fir dem Bau vum Geschäfts-, Büros- a Wunngebai Royal-Hamilius Plaz ze maachen[4].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Arsenalstrasse” geheescht[5].

Duerch Decisioun vum Gemengerot vum 24. Oktober a 25. November 1974 gouf d'Strooss nom fréiere Staatsminister Emile Reuter genannt, wat deemools net onëmstridde war, well muncheree wollt, datt den Numm weiderhi sollt un déi militäresch Vergaangenheet vun der Stad als Festung erënneren[6].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue Émile-Reuter – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 29. Mee 1942, S. 3
  2. Plang vun engem Projet d'aménagement du rez-de-chaussée de l'ancienne caserne d'artillerie sise rue Beck / rue de l'Arsenal / rue Aldringen op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt de 16. Februar 2020
  3. Plan der ehemaligen Festung Luxemburg an: Luxemburger Illustrierte vum 10. Dezember 1926, Fascicule 49 - S. 381, gekuckt op bnl.lu de 16. Februar 2020
  4. "Auriez-vous préféré vivre à Luxembourg en 1900 ?" Fiche: Carrefour Grand Rue et boulevard Royal." wort.lu, 18. Mai 2016 06:00.
  5. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  6. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 53: 32.