Jugendstil

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Art Nouveau)
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jugendstil ass eng konschtgeschichtlech Epoch ëm d'Joerhonnertwenn vum 19. zum 20. Joerhonnert. Weider Bezeechnunge sinn Art Nouveau, Modern Style, Modernismo, Stile Liberty oder Wiener Secessioun.

Modernismo catalán[änneren | Quelltext änneren]

De Modernismo catalán war eng katalounesch Variant vum europäesche Jugendstil um Enn vum 19. Joerhonnert. Et war souzesoen eng Rebellioun géint d'Geometrie an d'Gradlinnegkeet an der Industriegesellschaft an huet de Bierger e Liewensgefill an d'Selbstbewosstsinn vun engem eegenen nationalem Stil ginn.

Dëse Stil huet net nëmmen d'Architektur ëmfaasst, mä och all gestalteresch Beräicher wéi d'Miwwelen, Bijouen oder Keramik.

D'Haaptvertrieder waren den Antoni Gaudí, de Josep Puig i Cadafalch an de Lluís Domènec i Montaner.

Modernistesch kuckeswäert Gebaier si virun allem vum Gaudí de Parc Güell an d'Sagrada Familia zu Barcelona.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jugendstil – Biller, Videoen oder Audiodateien