Artaban

Vu Wikipedia
Artaban
Museksgenre Elektro
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2006
Websäit www.artaban.lu
Aktuell Memberen Charel Nilles (Synthesizer, Gittar, Produktioun)
Max Nilles (Bass, Batterie)
Aurélie Lanners (Fender Rhodes, Synthesizer, Flütt)

Artaban ass eng lëtzebuergesch Elektroband déi zanter 2006 existéiert.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf vun de Bridder Charel a Max Nilles gegrënnt. Hiren éischte Concert hate si Silvester 2006 am CarréRotondes.[1] De Max Nilles spillt an de Gruppen Actarus, Treasure Chest at the End of the Rainbow, Miaow Miaow a Mount Stealth. Hiren éischten Album Landscapes gouf den 11. Oktober 2008 verëffentlecht; den 23. Oktober gouf de Museksvideo Fjord Mustang (Regie: Ben Andrews) presentéiert.[2]

No ville Concerten a Remixe gouf den 30. Januar 2013 annoncéiert, datt den Album The Remixes gratis op Dropbox erofzelueden ass. Am Abrëll 2013 ass d'Single Appaskop erauskomm, fir déi och e Museksvideo gedréint gouf.

Den zweete Studiosalbum Flow, deen um Label Chez Kito Kat publizéiert gouf, hat seng Releaseparty de 4. Oktober 2013 am Exit07.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Landscapes
  • 2013: The Remixes (Remixalbum)
  • 2013: Flow

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007: Aeronel
  • 2013: Appaskop
  • 2022: A2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. journal.lu: Doppelspitze (27. September 2013)
  2. Message op Facebook vum 14. Oktober 2009