Arthur Penn
Den Arthur Penn, gebuer de 27. September 1922 zu Philadelphia a gestuerwen den 28. September 2010 zu New York, war en US-amerikanesche Filmregisseur a -produzent. Hie gouf virun allem bekannt duerch seng Filmer Bonnie and Clyde a Little Big Man.
Nodeems de Pen eng Zäitchen Televisiounsfilmer gedréint huet, huet hien 1958 fir säin éischte Spillfilm The Left Handed Gun Regier gefouert; e Western mam Paul Newman an der Haaptroll. Säin nächste Film war iwwer déi blann an daf Helen Keller, The Miracle Worker (1962). 1959 hat hie schonns Regie beim Theaterstéck zum selwechten Thema Regie gefouert. 1965 koum säi Film Mickey One mam Warren Beatty eraus. 1966 huet e The Chase mam Robert Redford gedréint. 1967 koum Bonnie and Clyde eraus, 1969 Alice's Restaurant an 1970 Little Big Man mam Dustin Hoffmann.
An den 1970er huet den Arthur Penn beim Thriller Night Moves (1975, mam Gene Hackman) a bei der Western-Comédie The Missouri Breaks (1976, mam Jack Nicholson) Regie gefouert.
An den 1980er Joeren koumen ë.a. Target an Dead of Winter no, déi manner Succès haten.
Hie war de Brudder vum Fotograf Irving Penn
[änneren] Filmographie
- Inside (1996)
- Penn & Teller Get Killed (1989)
- Dead of Winter (1987)
- Target (1985)
- Four Friends (1981)
- The Missouri Breaks (1976)
- Night Moves (1975)
- Little Big Man (1970)
- Alice's Restaurant (1969)
- Bonnie and Clyde (1967)
- The Chase (1966)
- Mickey One (1965)
- The Miracle Worker (1962)
- The Left Handed Gun (1958)