Arthur Schopenhauer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum jonken Arthur Schopenhauer 1815

Den Arthur Schopenhauer, gebuer den 22. Februar 1788 zu Danzeg, a gestuerwen den 21. September 1860 zu Frankfurt am Main, war en däitsche Philosoph.

Seng Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Den Arthur Schopenhauer war den eenzege Jong vum Hamburger Grossist Heinrich Floris Schopenhauer a senger Fra Johanna. Wéi Danzeg 1793 - bis dohin eng fräi Stad - vun de Preise besat gouf, ass d'Famill op Hamburg geplënnert. Mat néng Joer gouf den Arthur 1797 op Paräis bruecht, wou hien no zwee Joer Openthalt bal seng Mammesprooch vergiess hat. 1803 koum hie fir en halleft Joer an England an en Internat. Dee kuerzen Openthalt an England goung him duer, fir him déi englesch Schoulen ze verleeden. D'Sprooch huet hie sech awer relativ séier ugëeegent. Och nach a spéidere Joer huet hie regelméisseg d'Times gelies. Wéi hien op Hamburg zréckkoum, hat säi Papp sengem Bouf säi Wee schonn traditiounsgeméiss virgezeechent an hien als säin Nofolger virgesinn, sou datt de jonken Arthur Schopenhauer - wann och ouni grouss Begeeschterung - eng Léier als Geschäftsmann huet missen ufänken. Am léifsten hätt e jo studéiert.

Nodeem säi Papp sech 1805 d'Liewe geholl hat, huet de Bouf seng Léier direkt ofgebrach. Seng Mamm, déi vun hirem Bouf als "Kultursnobistin" bezeechent gouf, ass nom Doud vum Papp mat hirer Duechter Adele op Weimar geplënnert, wou si geschwënn e literaresche Salon ageriicht a vill grouss a bekannt Dichter a Schrëftsteller empfaangen huet. De jonke Schopenhauer huet sech éischter iwwer senger Mamm hire Snobismus an hir literaresch Ambitioune lëschteg gemaach. Dat hat zur Folleg, datt seng Mamm sech ëmmer méi vun hirem Bouf - wéinst senge "spëtteschen, granzegen a kritesche" Kommentaren - distanzéiert huet. Well si awer och säin Ierfdeel verwalt huet, krut den Arthur een Deel vu senger Ierfschaft gläich ausbezuelt, mat dem Hannergedanken hien dann endlech aus dem Haus ze kréien. De Wonsch ass och an Erfëllung gaangen, well de Schopenhauer du gläich als Student op Göttingen goung, fir Naturwëssenschaften a Philosophie ze studéieren. Zu Göttingen huet sech dann och schonn ofgezeechent, dat déi zwou Disziplinnen zäitliewens seng Haaptinteressië bleiwe sollten. D'Verhältnes zu senger Mamm ass an deene Joren ëmmer méi ofgekillt.

Studien[änneren | Quelltext änneren]

Dem Schopenhauer seng Mamm Johanna mat senger Schwëster Adele - Tableau vum Caroline Bardua 1806

1809 koum hien zu Göttingen fir d'éischt mam Kant senger Philosophie a Beréierung an huet als Medezinstudent dem Johann Friedrich Blumenbach seng Virliesungen iwwer Physiologie besicht. D'Joer duerno huet hien - beaflosst duerch de "Kantianer" Gottlob Ernst Schulze - véier Semestere laang säi Schwéierpunkt op de Studium vun dem Plato an dem Kant hire Philosophie geluecht.

Datselwecht Joer ass zu Berlin eng nei Universitéit gegrënnt ginn, an 1811 huet de Schopenhauer sech decidéiert dohin ze goen, well hien de Leeder vun der philosophescher Fakultéit, de Johann Gottlieb Fichte regelrecht veréiert huet. Am éischte Joer huet de Schopenhauer dem Fichte seng Virliesungen iwwer "Thatsachen des Bewusstseins" besicht an och de Friedrich Schleiermacher kenne geléiert, vun deem hien zwar als Reliounsphilosoph net besonnesch iwwerzeegt war, mä als Iwwersetzer vum Plato huet de Schleiermacher hie begeeschtert. Donieft huet de Schopenhauer nach beim Philolog Friedrich August Wolf a bei dem renomméierten Zoolog Martin Hinrich Lichtenstein studéiert. Seng iwwerschwenglech Begeeschterung an déi grouss Erwaardungen dem Fichte géintiwwer, hunn an deenen zwee Joer zu Berlin kontinuéierlech an definitiv ofgeholl.

No knapps zwee Joer an der preisescher Haaptstad dréit de Schopenhauer dem Fichte an den Turbulenze vun den antinapoleonesche Befreiungskricher de Réck a verzitt sech am Summer 1813 - wäit ewech vun de Krichsonrouen - op Rudolstadt, fir a Rou seng philosophesch Dissertatioun ze schreiwen ("Über die vierfache Wurzel des Satzes vom zureichenden Grunde"). Nach am Oktober 1813 promovéiert de Schopenhauer zu Jena mat senger Dissertatioun zum Dokter a Philosophie.

No der Publikatioun vu senger Dokteraarbecht geet hien am November zréck op Weimar bei seng Mamm a seng Schwëster. Duerch hir Relatiounen a literaresche Kreesser, konnt seng Mamm hie mam Goethe zesumme bréngen, bei dem hie seng Studien iwwer d'Indesch Mystik ugefaangen huet. De Goethe hat dem jonke Schopenhauer säi Genie erkannt an huet him eng grouss literaresch Carrière prophezeit. Datt déi Carrière awer nach eng Zäitchen op sech géif waarde loossen, stoung op engem anere Blat. De Schopenhauer war interesséiert un dem Goethe senger Faarweléier a seng zweet Schrëft ("Über das Sehen und die Farben" 1815) war dunn och ganz staark vu sengem Spiritus rector senger Faarweléier beaflosst.

Am Mee 1814 goung de Schopenhauer weider op Dresden, wou hie véier ausseruerdentlech produktiv Joer verbruecht huet. Do huet hien nieft senger Ofhandlung iwwer d'Kucken an d'Faarwen, och säi philosophescht Haapt- a Liewenswierk zu Pabeier bruecht ("Die Welt als Wille und Vorstellung"). 1818 schléisst hien et of a publizéiert et zu Leipzig bei Brockhaus.

Silvester 1819 riicht de Schopenhauer vun Dresden aus eng Habilitatiounsufro un d'philosophesch Fakultéit vun der Univeristéit Berlin. De Fichte war gestuerwen an op seng Plaz war am Fréijoer 1818 de Georg Wilhelm Friedrich Hegel beruff ginn, wat et mat sech bruecht huet, datt Berlin den Zenter vum däitschen Idealismus gouf. An der sougenannter Héichbuerg vum "Hegelianismus" kritt den 32järege Schopenhauer - nodeem hien eng Prouf vun enger Virliesung geliwwert hat - den 23. Mee 1820 d'Léiererlaabnes am Fach Philosophie. Nach am selwechte Joer hält hie seng éischt Vierliesung. "Hie war vu sengem Talent sou voll iwwerzeegt, datt en duecht, et wier onéierlech, fir déi Tatsaach virun deem Deel vun der Mënschheet, déi dat nach net wousst, ze verstoppen. Dofir huet hie seng Virliesungen zou de selwechte Stonne wéi den Hegel ofgehalen" [1]. Um Hegel senge Virliesungen hu wäit méi wéi zweehonnert Studenten deelgeholl, um Schopenhauer senge knapps fënnef. Am Schiet vum Hegel huet sou gutt wéi kee Student vun dem jonke Privatdozent Arthur Schopenhauer Notiz geholl.

Kommentaren a Meenungen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Arthur Schopenhauer säin Haapt- a Liewenswierk - 1818 "Die Welt als Wille und Vorstellung"

E bësse Jalousie, d'Erkenntnes, dat hien d'Hegelianer net iwwerzeege konnt, awer haaptsächlech seng, vis-à-vis vum Hegel senger Philosophie géigesätzlech Usiichten, hunn aus dem Schopenhauer e schaarfe Kritiker vum Hegel sengen Aarbechte gemaach - op der enger Säit den Hegel als historesch geprägte Rationalist an op der aner Säit de Schopenhauer als naturwëssenschaftlech geprägten, an éischter irrationalen Denker. "Am Hegel gesouch de Schopenhauer virun allem de Kontrahent, zu dem senger emphatescher Vernonftphilosophie seng eege pessimistesch Wëllensmetaphysik an engem krasse Géigesaz stoung" [2]

De Friedrich Nietzsche, deen éischter philologesch-historesch ausgeriicht war, an eng ambivalent Haltung vis-à-vis vum Hegel hat, huet gemengt, datt de Schopenhauer duerch "seng onintelligent Roserei op den Hegel" an duerch seng Distanz zur Geschicht et "dohi bruecht huet, déi ganz lescht Generatioun vun den Däitschen aus dem Zesummenhank mat der däitscher Kultur eraus ze briechen... De Schopenhauer selwer war grad an dëser Matière bis zur Genialitéit aarm, onempfänglech, ondäitsch".'' [3] 17 Joer méi spéit, nodeem d'geschichtlech Entwécklung an Däitschland dem Schopenhauer an d'Hand gespillt hat, bekennt sech den Nietzsche (zesumme mam Wagner) als "Schopenhauerianer" a lueft hien als en "erhabene Virkämpfer".[4]

"Den ... Irrationalismus bekämpft ... den Hegelsche Rationalismus. Säin Haaptriedner ass den Arthur Schopenhauer, fir deen dat Absolut net d'Vernonft ass, mä e blannen an irrationale Wëllen.(...) ... spéider stëtzt sech den Irrationalismus um Darwin seng Entwécklungléier. E prophetesche Verkënner dovun ass de Friedrich Nietzsche ..." [5]

1831 geet dem Schopenhauer seng gescheitert Berliner Dozentur op en Enn an hie verléisst Berlin op der Flucht virun der Cholera. Hien huet eng kuerz Zäit zu Mannheim gewunnt, an ass duerno op Frankfurt am Main geplënnert, wou hie bis zu sengem Doud am September 1860 gelieft huet.

De Schopenhauer hat scho relativ fréi en zimlech feste philosophesche Standpunkt, deen hien a sengem Haaptwierk iwwer de Wëllen explizéiert huet. Dëse Wëlle gëtt vum Schopenhauer als duerch an duerch béis definéiert an hie mécht e fir d'Leed, dat eis onvermeidlech an eisem Liewe begleet, verantwortlech. Am Géigesaz zum Hegel ass fir de Schopenhauer d'Wësse kee Wee an d'Fräiheet, mä villméi eng Quell vum Leiden. No deem Prinzip entwéckelt hien amplaz vun engem rationalistesch-idealisteschen Optimismus, eng däischter Opfaassung vun enger Welt, an där et kee Gléck gëtt. An der Sexualitéit an an der Prokreatioun gesäit hien och eppes Schlëmmes, well duerch d'Prokreatioun ëmmer erëm nei Affer vum Leed ervirbruecht ginn. Säi Fraenhaass (wann een dat kann sou nennen) ass op déi Siicht zréckzeféieren, well hien der Fra hir Roll bei der Prokreatioun méi zildeterminéiert beuerteelt, wéi déi vum Mann. "De Schopenhauer war no senger Veranlagung net gemaach fir d'Gléck, dofir huet hien och behaapt, d'Gléck wier net z'erreechen".[6] "War de Schopenhauer - wéi et e puer Psychologe gär hätten - duerch säi Liewensschicksal dozu veruerteelt, och am Denken e Blesséierten ze sinn? Sou simpel Rechnunge gi seele ganz op, mä et kann een et jo emol probéieren" [7]

Den Arthur Schopenhauer a säi Puddel - gezeechent vum Wilhelm Busch

Beim Schopenhauer bleift d'Iwwerleeënheet vun eiser Rass op hallwer Streck leien, a mier widderhuelen am Fong nëmmen d'Verhale vun eise Virgänger. Et kéint e mengen, den Apostel Paulus hätt de Schopenhauer gelies, wann e jéimert: " Dat wat ech wëll, dat machen ech net, a wat ech machen, dat wëll ech net". Am Matthäus sengem Evangelium steet, dat de Geescht wëlleg an d'Fleesch schwaach ass a beim Martin Luther, datt d'Vernonft eng Houer ass, déi mat deem geet, deen hir am meeschte bitt. Den englesche Philosoph David Hume, deen de Schopenhauer ganz gär an d'Däitscht iwwersat hätt, behaapt, de Verstand wier de Sklav vun de Leidenschaften.

Fir jiddwereen deen de Mënsch als grouss a wierdeg Kroun vun der Schëpfung gesäit, sinn dat batter an erniichterend Behaaptungen. En halleft Joerhonnert méi spéit hunn dem Schopenhauer seng Gedanken dem Sigmund Freud op senger Sich no Explikatiounen ënner anerem vum Onbewossten, dem Dram an der Libido e gutt Stéck Wee gewisen.

De private Mënsch Arthur Schopenhauer passt net sou richteg an d'Idealbild, dat haaptsächlech déi Däitsch vun him hun: de schwaarze Pessimist an éiwege Grantsak, baupseg an onzougänglech. De Philosoph mat sengem Puddel huet besonnesch déi Däitsch un hirem empfindlechste Kieperdeel verwonnt: dem Kapp. Déi meescht veriwwelen him dat nach ëmmer. Si kennen hien net a wëllen en anscheinend och net kenne léieren.

Hien hat zwou Schwächten: d'Flutespille mat enger Vierléift fir de Rossini, a säi Puddel, deen e, wann e rose war, "du Mënsch do!" vernannt huet. De Satiriker Wilhelm Busch hat de Schopenhauer mat sengem Puddel gezeechent. Kommentar vum Odo Marquard: "De Busch ass gereimte Schopenhauer, woumat ech awer net behaapten, datt de Schopenhauer ongereimt ass." [8] Als ageschwuerene Pessimist war de Schopenhauer e groussen Amateur vun der Musek. Dat kéint e verwonneren, mä fir hie war d'Musek eng kuerzfristeg Erléisung "vum Brëlle vun der Natur, dat ee mat der Vernonft net ofschalten a besänftege kann".[8]

Spéit Unerkennung[änneren | Quelltext änneren]

De Schopenhauer e Joer viru sengem Doud 1859

Zu Frankfurt huet de Schopenhauer déi éischt Jore guer näischt publizéiert, mä fläisseg geschriwwen. 1835 koum déi éischt vu véier Schrëften eraus: "Über den Willen in der Natur". Seng Ethik féiert hie weider mat zwou Präisschrëften, déi hie ganz bewosst als Complement zu sengem Haaptwierk deklaréiert huet. 1841 koumen an zwéi Bänn "Die beiden Grundprobleme der Ethik" eraus. "Über das Fundament der Moral" ass eng vu senge wichtegen Ofhandlungen: eng Kritik um kategoreschen Imperativ vum Kant, deen a sengen Aen en ierféierende Vesuch ass, fir d'Ethik an der Vernonft ze begrënnen. No dem Schopenhauer sinn eis eigentlech Undriffsfiederen:

  1. den Egoismus, deen identesch mat dem Eenzelne sengem Wëllen ass
  2. d'Béisartegkeet, well si sech um Leed vum Aneren ergëtzt a well de Mënsch dat eenzegt Déier ass, dat deem Aneren ouni en aneren Zweck wéi just dësem, Leed a Péng verursaache kann
  3. d'Matleed - d'Fundament vum Schopenhauer senger Ethik - wann et den eenzegen an ausschléisslechen Aspekt vum eegenen Handelen duerstellt, fir dem Wuel vum Aneren ze notzen. Am Matleed vollzitt sech eng fundamental Identifizéierung mat allem wat lieweg ass an hieft de Prinzip vum Individuellen op. Aus der Essenz vun dëser Ethik loosse sech dem Schopenhauer seng Studien iwwer d'indesch Mystik erausliesen.

1850 schléisst hie seng Schrëfte "Parega und Paralipomena" of, un deenen hien déi vergaange sechs Joer geschriwwen hat. Dës sougenannten "Niewewierker" si systematesch opgebauten a geraumte Gedanken iwwer esëlleche Saachen a begräifen och seng berühmt "Aphorismen zur Lebensweisheit", duerch déi hie schlussendlech bei engem breede Publikum bekannt gouf. Am "Englischen Hof" zu Frankfurt, deem Restaurant wou den elo prominente Schopenhauer d'Gewunnecht hat ze Mëtteg z'iessen, huet d'Haute Volée an déi, déi sech dozou gezielt hunn, seng Dëschnoperschaft gesicht an hien a Gespréicher iwwer seng Philosophie verwéckelt. Seng Aphorismen haten him eng spéit Unerkennung a Prominenz bruecht, wat gläichzäiteg och seng zimlech aarmséileg finanziell Situatioun beträchtlech verbessert huet.

Seng Aphorisme sinn am Fong ethesch Uleedunge fir e pragmatescht Liewen a solle weise, wéi een de Wëllen op en absolute Minimum erofsetze kann, ouni dofir an Askese ze liewen, resp. dem Liewen u sech eng radikal Ofso z'erdeelen: "Dat wat eis Leed bréngt, ass just eise Wëllen (...) Wa mier hien aschléiferen, kënne mier schliisslech d'Nirwana, d'Näischt fannen.(...) Sou kënne mier dohi kommen, fir d'Welt als Eenheet ze gesinn, an de Wëllen z'iwwerwannen".

Den Arthur Schopenhauer ass am September 1860 gestuerwen, an enger Zäit an där hien als ee vun den aflossräichste Philosophe vun Europa gegollt huet.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Dem Arthur Schopenhauer seng sämtlech Wierker [1]

  • Ueber die vierfache Wurzel des Satzes vom zureichenden Grunde (1813, seng Dissertatioun)
  • Ueber das Sehen und die Farben (1816 aus senger Zäit mam Goethe)
  • Die Welt als Wille und Vorstellung, éischte Band (1819 - zweet erweidert Oplo 1844 - drëtt verbessert a bedeitend erweidert Oplo 1859)
  • Theoria colorum (1830, lanténgesch Versioun vu senger iwwerschaffter Faarweléier)
  • Ueber den Willen in der Natur (1836 - zweet, verbessert an erweidert Oplo 1854)
  • Die beiden Grundprobleme der Ethik: Ueber die Freiheit des menschlichen Willens, Ueber das Fundament der Moral (1841 - zweet, verbessert an erweidert Oplo 1860)
  • Die Welt als Wille und Vorstellung, zweiter Band (1844)
  • Parerga und Paralipomena (1851, zwee Bänn - Aphorismen zur Lebensweisheit, Ueber die Universitäts-Philosophie, Ueber Schriftstellerei und Stil a villes méi)
  • Über Schriftstellerei und Stil. (Eenzelausgab, erausgi vum Ludger Lütkehaus, Alexander Verlag Berlin 2003.)

Dem Schopenhauer säin handschrëftlechen Archiv gouf vum Arthur Hübscher a Volker Spierling erausgin:

  • Der handschriftliche Nachlaß in fünf Bänden. Vollständige Ausgabe in sechs Teilbänden. DTV 1985 (onverännerte Nodrok vun der historesch-kritescher Editioun Frankfurt a.M. - Waldemar Kramer 1966-1975)

Dem Schopenhauer säi Bréifwiessel mam Friedrich Arnold Brockhaus gouf vum Ludger Lütkehaus erausgin:

  • Das Buch als Wille und Vorstellung - C.H. Beck 1996

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Bertrand Russell - Denker des Abendlandes - Belzer
  2. Lore Hühn - Philosophen - Metzler
  3. Friedrich Nietzsche - Jenseits von Gut und Böse - reclam
  4. Karl Löwith - Von Hegel zu Nietzsche - F. Meiner
  5. I.M. Bochenski - Europäische Philosophie der Gegenwart - Francke
  6. Bertrand Russell
  7. K.D. Ulke - Vorbilder im Denken - Kösel
  8. 8,0 8,1 K.D. Ulke
  • Philosophen - J.B. Metzler 2004
  • Bertrand Russell - Denker des Abendlandes - (Belser)Gondrom 2005
  • Karl-Dieter Ulke - Vorbilder im Denken - Kösel 1989
  • Ulrich Greiner - Revision - Claassen 1993

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arthur Schopenhauer – Biller, Videoen oder Audiodateien