Arthur Useldinger

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Arthur Useldinger, gebuer den 8. Juli 1904 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen och do de 15. Mäerz 1978, war e lëtzebuergesche Politiker.

Beruflech war hie Beamten am Service commercial vun Arbed Belval, politesch huet hie sech an der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL) engagéiert. 1932 huet hien d'Vereenegug Luxembourg-URSS gegrënnt. An den 1930er Jore war hie Mataarbechter vun der Volksstimme.

Nom däitschen Iwwerfall am Mee 1940 huet hie bis zu der Befreiung, am September 1944, missen ënnertauchen, vun enger Stopp an déi aner. Mat anere Membere vun der KPL huet hien d'Resistenzorganisatioun ALEF (Aktiv Letzeburger Enhétsfront ge'nt de Faschismus) gegrënnt. Dës huet sech duerch Fluchblieder an d'Zeitung Die Wahrheit (1941) eng Stëmm verschaf. Well d'Gestapo d'Memberlëscht vun der KPL an d'Fangere kritt hat, goufe vill vun hinne verhaft an a KZer gestach, sou och dem Useldinger seng Fra Yvonne Hostert an hire Papp. Den Arthur Useldinger hu se awer net kritt.[1]

Nom Krich war den Arthur Useldinger bis zu sengem Doud, mat zwou klengen Ënnerbriechungen, déi ganzen Zäit Deputéierte fir d'KPL an der Chamber (1945-1958, 1959-1968 an 1969-1978).

Bei de Gemengerotswalen 1946 krut hien zu Esch-Uelzecht déi meeschte Stëmmen a gouf den 18. Februar 1946 zum Buergermeeschter vun enger KPL-CSV-Koalitioun ernimmt. Den 11. Mäerz 1949 huet den Emile Colling am Numm vun der CSV-Fraktioun, d'Koalitioun mat der KPL opgekënnegt, an et koum zu Neiwalen. De 14. Abrëll 1970 bis zu sengem Doud war hien eng weider Kéier Buergermeeschter vu senger Heemechtstad, dës Kéier a Koalitioun mat der LSAP.[2]

Den Arthur Useldinger war bestuet mat der Yvonne Hostert.

Referenzen [änneren]

  1. Joseph Flies: Das andere Esch. Luxemburg, St.-Paul, 1979, S.848-850.
  2. Flies (1979), S. 849, 864, 1078.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]