Arturo Benedetti Michelangeli

Vu Wikipedia
Arturo Benedetti Michelangeli
Gebuer 5. Januar 1920
Brescia
Gestuerwen 12. Juni 1995
Lugano
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Pianist, Museker

Den Arturo Benedetti Michelangeli, gebuer de 5. Januar 1920 zu Brescia, a gestuerwen den 12. Juni 1995 zu Lugano, war en italieenesche Pianist.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als Kand wollt de Michelangeli eigentlech guer net Pianist ginn. Säi Papp a seng Mamm hu Piano gespillt, mä hien hat d'Gei gär a wollt onbedéngt Violonist ginn. Säi Virbild war de berüümte Bronisław Huberman. Da misst en awer krankheetsbedéngt d'Instrument wiesselen an huet sech an de Joren 1930 bis 1933 am Conservatoire vu Mailand vum Giovanni Anfossi zum Pianist ausbilde gelooss.

1938 ass de Michelangeli mat 18 Joer zwar nëmmen op déi siwent Plaz beim Ysaÿe-Museksconcours (haut Concours Reine Elisabeth) zu Bréissel komm (Gewënner war den Emil Gilels), mä schonn ee Joer méi spéit krut hie beim Pianisteconcours zu Genf den éischte Präis. Den Alfred Cortot, deen am Jury war, huet deemools vun engem „neie Liszt“ geschwat. Doropshin huet en zwee Joer laang zu Bologna ënnerriicht.

Am Februar 1943 huet e mat de Berliner Philharmoniker ënner dem Ernest Ansermet an der Berliner Philharmonie dem Schumann säi Pianosconcert a la mineur gespillt.

Seng Weltkarriär huet mat engem Debut zu London am Joer 1946 ugefaangen. 1964 huet hien d'International Pianistenakademie zu Brescia gegrënnt, déi e fënnef Joer laang presidéiert huet. Ënner senge Schüler waren nieft aneren d'Martha Argerich an de Maurizio Pollini.

Repertoire[änneren | Quelltext änneren]

Den Arturo Benedetti Michelangeli ass grondsätzlech mat sengem eegene Fligel an engem Pianosstëmmer gereest. Hien hat de Ruff vun engem distanzéierte Perfektionist, dee scho wéinst gerénge Mängel Concerten ofgesot huet a gereizt op Stéierungen aus dem Publikum reagéiert huet.

Sengem Perfektionismus ass et och ze verdanken, datt e sech op ee relativ schmuele Repertoire konzentréiert huet. Nieft der Musek vum Ravel a vum Debussy huet e sech besonnesch Wierker vun der Wiener Romantik an der Romantik gewidmet. Vill vu sengen Interpretatiounen zeechne sech duerch grousse faarfleche Räichtum, klanglech Vollendung a strukturell Kloerheet aus.

Opnamen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Michelangeli seng Debussy-Opname ginn hautdesdaags allgemeng als Referenz ugesinn. Als besonnesch Opname sinn och nach d'Aspillunge vu Scarlatti, Chopin, Ravel a Schumann ze nennen. Eng fréi Opnam vun de Paganini-Variatiounen (vun den 28 Stécker huet en der dräi ausgelooss) a vun de Balladen opus 10 vum Brahms sollten zum Moossstaf fir spéider Interprete ginn.

Fréien Opname vun eenzele Stécker vum katalounesche Komponist Federico Mompou ass et vläicht ze verdanken, datt deem säi Wierk net an de Vergiess geroden ass.

De Michelangeli huet 19 Vollekslidder a cappella beaarbecht fir de Biergsteigerchouer Coro della SAT aus Trient.