Arunachal Pradesh

Vu Wikipedia
Lokalisatioun
Landschaft am Arunachal Pradesh
Frae vum Apatami-Stamm

Arunachal Pradesh (Hindi: अरुणाचल प्रदेश [Aruṇācal Pradeś]) ass en indesche Bundesstaat. E läit am Nordoste vun Indien. Am Norde grenzt en u China, am Westen un de Bhutan, am Süden un d'Bundesstaaten Assam an Nagaland an un de Myanmar. De Bundesstaat ass ëmstridden: der chineesescher Regierung no, gehéiert Arunachal Pradesh zum Tibet a sou zu China.

Arunachal Pradesh huet eng Fläch vun 83.743 Quadratkilometer a knapps 1,4 Milliounen Awunner (Vollekszielung 2011). D'Haaptstad a gréisst Stad vum Bundesstaat ass Itanagar. Mat enger Bevëlkerungsdicht vu 17 Awunner pro Quadratkilometer ass deen am mannste besiidelte Bundesstaat an Indien.

Den Numm kënnt aus dem Sanskrit an heescht souvill wéi "Land vun de Bierger am Sonnenopgang", de Bundesstaat gëtt dacks einfach "Land vum Sonnenopgang" genannt.

Arunachal Pradesh läit am südlechen Ost-Himalaya. D'Landschaft besteet dementspriechend aus Héichland a Bierger

Déi offiziell Sprooch vum Bundesstaat ass Englesch. Arunachal Pradesh ass awer vrun allem vun indigene Vëlker bewunnt (64,2 %), all Vollek huet seng eege Sprooch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arunachal Pradesh – Biller, Videoen oder Audiodateien