Asca Rampini

Vu Wikipedia
Asca Rampini
Gebuer 11. Juli 1931
Gestuerwen 21. Dezember 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Dirigent

Den Asca Rampini, gebuer den 11. Juli 1931 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 21. Dezember 1999, war e lëtzebuergesche Komponist mat italieeneschen Originnen.

Den Asca Rampini huet scho fréi ugefaange Musek ze maachen an am Laf vun de Jore geléiert eng Rëtsch Instrumenter ze spillen. Dorënner Gittar, Mandolinn, Hautbois a säi léifst Instrument d'Zuchposaun. Hie war laang Zäit Dirigent vun der Déifferdenger Musek an huet zu engem groussen Deel un hirem deemolegen Erfolleg bäigedroen.

Den Asca Rampini ass bekannt ginn duerch seng Kompositiounen an Arrangementer an deenen hien Elementer vu Lëtzebuerger an italieenescher Musek verschafft huet.

Den 21. Dezember 1999 ass hien, no laanger Krankheet, gestuerwen.

Kompositiounen an Arrangementer[änneren | Quelltext änneren]

  • Prince Guillaume (1989)
  • A ma jeunesse/Aus der Kannerzäit (1990)
  • Tambour battant
  • Reminiscence
  • Souvenirs du pays/Erënnerungen uechtert d'Land
  • Klarinettenkarussel
  • Mon bleuet/Meng Kuerblumm
  • Somewhere/So mir wou
  • Trompettes en folie
  • Washboard
  • Jean Gallion
  • Euromedley
  • Wichtelmänner

(nach net Vollstänneg)