Ashcan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gruppefoto vun den Nazigréissten am Ashcan – Fréijoer 1945
Legend vun der Gruppefoto vun den Nazigréissten am Ashcan
De Palace Hotel = Ashcan

Ashcan oder Camp Ashcan (en. fir Dreckskëscht) war de Codenumm vun engem deemools (op d'mannst am Ufank) geheim gehalenen alliéierte Gefaangenelager ënner amerikanescher Féierung, um Enn vum Zweete Weltkrich.

Offiziell housch et Central Continental Prisoner of War Enclosure No. 32, an et war zu Munneref am Palace Hôtel ageriicht ginn. Hei goufen tëscht dem Mee an dem August 1945 bal all déi bis dohi gefaangen Nazigréissten an héichrangeg däitsch Militär festgehalen, fir verhéiert ze ginn, ier se op Nürnberg bruecht goufen, wou se virun d'Krichsverbriechertribunal koumen.

Ënner de 86 Gefaangene waren eng etlech vun den nach liewege Nazibonzen: de Reichsmarschall Hermann Göring, de Julius Streicher, Editeur vun der antisemitescher Wochenzeitung Der Stürmer a Gauleiter vu Franken, den Alfred Rosenberg, eng Zort Nazi-Philosoph, de Robert Ley, Chef vun der Arbeiterfront, den Ausseminister Joachim von Ribbentrop. Ausserdeem den Arthur Seyss-Inquart, Reichskommissar vun Holland, den Hans Frank, Generalgouverneur vu Polen, de Karl Stroelin, Buergermeeschter vu Stuttgart, de Wilhelm Frick, Reichsprotektor vu Béimen a Mieren a virdrun Inneminister an de Walther Funk, President vun der Reichsbank.

Och e groussen Deel vun der Militärféierung souz do: de Generalfeldmarschall Wilhelm Keitel, de Generaloberst Alfred Jodl, säi Stellvertrieder a Generol vun der Artillerie, Walter Warlimont, de Grossadmiral Karl Dönitz, d'Feldmarschallen Albert Kesselring a Werner von Blomberg, an de Generalfeldmarschall Gerd von Rundstedt. Weiderhin d'Genereel Friedrich von Boetticher, Hermann Reinecke, Johannes Blaskowitz, Heinz Guderian a Sepp Dietrich.

Zu Frankfurt gouf et zur selwechter Zäit en ähnlecht Lager, Dustbin genannt (wat och Dreckskëscht heescht), dat ënner britescher Féierung stoung, an an deem déi éischter "technesch" Kollaborateure vum Naziregime, dorënner den Albert Speer, op hire Prozess gewaart hunn.

D'Gefaangenelager[änneren | Quelltext änneren]

An der Ashcan waren d'Prisonéier um 3. a 4. Stack ënnerbruecht, den 2. Stack war eidel, d'Amerikaner haten sech um 1. Stack ageriicht. Déi Gefaange konnte fräi ronderëmgoen, se konnten souguer eraus an de Park (ronderëm deem natierlech pickegen Drot a Waache waren) a fräi matenee schwätzen. Dat war express sou gewollt, fir datt se méi gespréicheg bei de Verhéiere sollte ginn.[1]

5 amerikanesch Intelligence Officer hu vun der Nazi Warcrime Commission regelméisseg Questionnairë geschéckt kritt, mat deenen se d'Prisonéier ausgefrot hunn. Ee vun de Verhéierer war den John Ernest Dolibois, e gebiertege Bouneweger, dee spéider amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg sollt ginn. Hien huet, als "John Gillen", d'Roll vum "Wellfare officer" gespillt, dee sech ëm d'Wuelergoe vun deenen "héijen Häre" sollt këmmeren. Dat huet him erméiglecht, wäertvoll Informatiounen an Temoignagen ze sammelen, well déi Gefaange mam géigesäitege Beschass net gespuert hunn. Besonnesch d'Militär op der enger Säit an d'pur-et-dur Nazien op där anerer haten et openee sëtzen.[2] Verschiddener wollte sech wichteg maachen, anerer ware schlau genuch, ze probéieren, hir Roll méi onwichteg ze maachen, wéi se war.

Ënner den offiziellen Dolmetscher war de Munnerefer Lé Tanson.[3]

Ganz konnten d'Amerikaner iwwregens net geheim halen, wat hanner dem pickegen Drot verstoppt war: Munnerefer Zäitzeien erzielen, als Kanner do an der grousser Vakanz ronderëmgeschlach ze sinn, fir, wéi si et genannt hunn, d'"Göringen ze kucken".[4]

Och d'Press huet natierlech probéiert erauszefannen, wou déi "déck" Nazien dru wieren. De France Soir war deen éischten, deen den 18. Juli 1945 d'Nouvelle erausbruecht huet[5], a geschwënn sinn d'Journaliste vun aneren Zeitungen op Munneref komm, fir méi gewuer ze ginn. E puer goufen der an d'Lager eragelooss. Dorënner war och d'Erika Mann, déi déi Zäit fir de Londoner Evening Standard geschriwwen huet. Si war entsat a rosen iwwer déi larmoyant Onscholds- an Onwëssensmentalitéitt an déi selbstsécher Arroganz vun der NS-'Elite', déi do versammelt war, No hirem Besuch am Hotel, "aus dem die Insassen ein Irrenhaus gemacht haben", schrouf se: "Ein gespenstischeres Abenteuer ist nicht vorstellbar".[6]

Am Time Magazine vum 7. November 1945 gouf eng Foto vun enger Säit publizéiert, wou all Gefaangen, wéi op enger Klassefoto, drop ze gesi waren. Den Titel war ironesch The class of 1945.[7]

Nodeem d'Prisonéier den 10. August 1945 op Nürnberg bruecht gi waren, gouf d'Camp Ashcan opgeléist. E puer Joerzéngte laang huet d'Gebai erëm als Hotel gedéngt, 1988 gouf et ofgerappt, fir dem modernen Domaine Thermal Plaz ze maachen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Georges Even (ed.): Krichserliefnisser 1940 - 1945: Luxemburger Zeitzeugen erzählen. Editions Binsfeld 2003, ISBN 2-87954-128-X. Dodrann:
    • Marcel Hennico: "'Komm, mir ginn d'Göringe kucken!'", S. 136-143;
    • "Die 'Ashcan'-Insassen", S. 144-160:
    • Walter Lüdde-Neurath: " Bad-Mondorf aus der Sicht eines Gefangenen", S. 161-169;
    • John E. Dolibois: "Die Vernehmungen der Nazibonzen", S,170-173;
    • Robert Jos Agro Melina: "Die geheimnsivolle Welt des 'Ashcan'", S.174- .
  • Lé Tanson: "Die wechselvolle Geschichte des Mondorfer Palace Hotels", in: Mondorf-les-Bains: Son passé, son présent, son avenir. [Luxembourg] : Les Publications mosellanes ; Mondorf-les-Bains : Le Domaine thermal, cop. 1997, S. 217-220.
  • Lé Tanson: "Vor 25 Jahren : Braune Gäste in Bad Mondorf", In: Revue, Jg. 25(1970), Nr. 32, S. 20-23.

Dokumentarfilm[änneren | Quelltext änneren]

  • Den ZDF huet 1978 am Palace-Hotel den Dokumentarfilm Das letzte Ghetto iwwer den Openthalt vun den Nazi"gäscht" gedréit.
  • E weideren Documentaire, produzéiert vum CNA, ass an der Maach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ashcan – Biller, Videoen oder Audiodateien
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Wou net anescht uginn, ass d'Quell dem J. E. seng Temoignagen.
  2. "Pack zerschlägt sich... Gereizte Stimmung im Mondorfer Palace-Hôtel. Luxemburger Wort, 06.08.1945, S.2.
  3. [Lé Tanson: "Die wechselvolle Geschichte des Mondorfer Palace Hotels", an der Literatur.
  4. Marcel Hennico: "'Komm, mir ginn d'Göringe kucken!'", in: Georges Even (ed.): Krichserliefnisser 1940 - 1945: Luxemburger Zeitzeugen erzählen. Editions Binsfeld 2003, S. 136-143.
  5. Vgl. "Das Geheimnis des Palace-Hotel in Mondorf," in: Luxemburger Wort 19. Juli 1945, S.1.
  6. Zit. n.: Philipp Schnee "Hotel der Kriegsverbrecher." einestages.de.
  7. Témoignage vum J. E. Dolibois; Video vum Robert H. Jackson Center op youtube.com.