Asiago - DLR Asteroid Survey
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Asiago - DLR Asteroid Survey , ofgekierzt ADAS, woubäi DLR fir Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt steet) ass d’Bezeechnung fir en Asteroidesichprogramm, dat zënter 2001 vum Asiago-Observatoire vun der Universitéit Padua a Kooperatioun mat dem Institut fir Planéitefuerschung vum DLR bedriwwe gëtt. Mat Hëllef vun engem 67-cm-Schmidt-Teleskop vum Asiago-Observatoire goufen bis (2005) ronn 320 Asteroiden entdeckt.
ADAS ass (niewent UDAS) e Nofollegprogramm vum ODAS-Himmelsiwwerwaachung, dee 1999 opgrond vu finanzielle Schwieregkeete gestoppt hat misse ginn.
Kuckt och [änneren]
- Near Earth Asteroid Tracking (NEAT)
- Lowell Observatory Near Earth Object Survey (LONEOS)
- Lincoln Near Earth Asteroid Research (LINEAR)