Asiatescht Himmelsdéierchen
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Asiatescht Himmelsdéierchen | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Asiatescht Himmelsdéierchen (Harmonia axyridis (Pallas, 1773)) |
|||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Harmonia axyridis „Pallas“ 1773 |
|||||||||||||||
D' Asiatescht Himmelsdéierchen (Harmonia axyridis (Pallas, 1773)) ass eng Aart aus der weltwäit verbreete Famill vun den Himmelsdéiercher (Coccinellidae) an aus der Uerdnung vun de Kiewerleken (Coleoptera). Et gëtt op Englesch "Harlequin Ladybird" an op Franséisch "coccinelle arlequin" genannt.
[änneren] En aktuelle Fall vu biologescher Invasioun
D'Asiatescht Himmelsdéierchen ass déi invasiivst Aart vu Coccinellidae op der Äerd a gehéiert a ville Regiounen zu den Neozoen. Zënter dem Joer 2000 verbreet et sech rasant an Europa. D'Aart gouf aus China agefouert a gëtt zënter 1997 an den Zäre fir d'biologesch Bekämpfung vu Blatlais agesat, huet sech du relativ séier an der Natur etabléiert. D'Aart ass aggressiv a verdrängt déi einheimesch Himmelsdéiercher. Dat Asiatescht Himmelsdéierche frësst net nëmme Blatlais a Schëldlais, mä och aner Aarte vun Himmelsdéiercher a Florfliegen (Chrysopidae). Et geet och un Uebst oder Drauwen a kann de Wäinertrag duerch e schlechte Goût a Gefor bréngen.
Dat Asiatescht Himmelsdéierchen ass zënter 2004 zu Lëtzebuerg nogewisen [1]. Et war op der Affiche vun der Ausstellung "Evolution - up to date" ze gesinn, déi vum 30. Oktober 2009 bis den 11. Abrëll 2010 am Kader vum Darwin-Gedenkjoer 2009 am Naturmusée gewise gouf.
[änneren] Literatur
- Guinet, Jean-Michel, 2009. Étude de deux populations d’Harmonia axyridis (Pallas, 1773) (Insecta, Coleoptera, Coccinellidae) au Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 110. PDF
- Hermes, Kim, 2011. Die "Himmeldéiercher" sammeln sich: problematische Cousins aus Fernost. Tageblatt 2011, Nr. 264 (12./13. November), S. 28.
- Schneider, N. & A. J. M. Loomans, 2006. Sur la présence au Luxembourg de la coccinelle arlequin Harmonia axyridis (Pallas, 1773) (Insecta, Coleoptera, Coccinellidae). Bull. Soc. Nat. luxemb. 106 : 71-74. PDF
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Referenzen
- ↑ Cf. Schneider & Loomans 2006 an der Literatur.
