Asli Bayram

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Asli Bayram, 2007

D'Aslı Bayram, gebuer den 1. Abrëll 1981 zu Darmstadt, ass eng däitsch Schauspillerin.

D'Asli Bayram ass d'Duechter vun tierkeschen Imigranten. Hire Papp, e Geschäftsmann, gouf 1994 vun engem Neonazi erschoss. Si huet Droit studéiert a gouf 2005 Miss Deutschland.[1]

Zënter 2005 ass si Schauspillerin an éisträicheschen an tierkesche Filmer. Hiren Theaterdebut hat d'Asli Bayram 2007 op der Bühn vum Escher Theater, wou si ënner der Regie vum Charles Muller Texter aus dem Anne Frank sengem Dagebuch rezitéiert huet. Si huet déi Interpretatioun och mat Succès zu Frankfurt am Main opgefouert an ass 2008/2009 domat a Kanada an an den USA op Tournée gaangen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Filmographie

  • Miss Universe 2005 (Documentaire, 2005)
  • Beyza'nin kadinlari (Spillfilm, 2006) - Englesch: Shattered Soul
  • Jump (Spillfilm, 2006)
  • Short Cut to Hollywood (Spillfilm, 2009)
  • 180° - (Spillfilm, 2010)
  • Sevdah za Karima (Spillfilm, 2010) - Englesch: Blues for Karim (2010)

[änneren] Wierk

  • Grenzgängerin. Leben zwischen den Welten. Gütersloher Verlagshaus, Gütersloh 2009.

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. Zeit-Online: Eine Jugend in Deutschland (18. März 2008)
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen