Assemblée constituante

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Assemblée constituante oder Assemblée nationale constituante gouf d'franséisch Nationalversammlung vum 9. Juli 1789 bis 2. September 1791 bezeechent.

Während de Berodunge vun de Generalstänn zu Versailles hat de Kinnek Louis XVI. als Versuch vun enger Disziplinéierung entscheet, datt d'Stänn (Adel, Klerus, Drëtte Stand) sech separat sollten treffen. D'Deputéiert vum Drëtte Stand hu sech de 17. Juni zur Nationalversammlung erkläert, als eenzeg Vertriedung vun der ganzer Natioun. Den 9. Juli hu si erkläert, datt si fir eng Konstitutioun zoustänneg wieren, dohier den Numm Assemblée constituante.

An der Versammlung souzen ëm déi 1200 Deputéiert, a si war vum 9. Juli 1789 bis zum 30. September 1791 a Kraaft. Hiren éischte Sëtz war zu Versailles, no den Evenementer vum 5. a 6. Oktober1 an den Tuilerien zu Paräis.

Bei den Deputéierten déi sech regelméisseg getraff hunn, konnt een dräi grouss Tendenze gesinn: d'Monarchisten, d'Constitutionnels (an der Majoritéit) an d'radikal Patrioten (Minoritéit).

D'Debatte vun der Versammlung goufe vun der Zeitung Le Moniteur universel erausbruecht. Nodeem d'Feudalherrschaft an der Nuecht vum 4. August 1789 ofgeschaf gi war, an d'Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter (26. August 1789) erauskomm war, huet d'Assemblée um Enn vum Joer déi grouss Prinzipië vun der Konstitutioun vu 1791 gestëmmt, déi, op der Basis vun der nationaler Souverainitéit an der Gewaltentrennung d'Limitatioun vun der kinneklecher Muecht organiséiert huet.

D'Assemblée constituante gouf am September 1791 opgeléist, a gouf duerch d'Assemblée législative ersat.

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: D'Paräisser Bevëlkerung hat de Louis XVI. an d'kinneklech Famill an d'Tuilerien op Paräis bruecht.