Assemblée constituante vun 1848 (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Assemblée constituante vun 1848
Duerch kinneglech-groussherzogleche Beschloss[1] vum 20. Mäerz 1848 huet de Groussherzog Wëllem II. veruerdert eng Revisioun vun der Konstitutioun vun de Stänn ze maachen. Den 19. Abrëll 1848 waren d'Wale fir d'Constituante. D'Lëscht vun de gewielten Deputéierten ass den 22. Abrëll am Memorial publizéiert ginn.[2] Supplementarwalen gouf et nach an de Kantonen Esch[3] a Miersch. [4]