Assemblée consultative vun 1945 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Assemblée consultative vun 1945 gouf nom Zweete Weltkrich an d'Liewe geruff well festgestallt gouf datt d'Chamber hir konstitutionell Aufgaben net erfëlle konnt. D'Missioun vun der Assemblée consultative huet an der Ausféierung vun de Rechter bestanen, déi d'Chamber duerch d'Lëtzebuerger Konstitutioun an d'Gesetzer hat, mat Ausnam vun der legislativer Gewalt.[1]

Nodeems den Zweete Weltkrich den 10. September 1944 zu Lëtzebuerg eriwwer war, gouf fir de 6. Dezember 1944 eng Chambersëtzung aberuff. Vun de 55 Deputéierte aus der Chaber virum Krich, waren der nëmme 25 do. Dat war drop zréckzeféieren datt 9 Deputéiert verstuewe waren, 10 nach net aus däitsche Prisongen a Konzentratiounslageren erëm waren, an 9 ënner Verdacht op Kollaboratioun mat de Besatzer stoungen. Well manner wéi d'Halschent vun den Deputéierten do war, gouf de Quorum deen an der Konstitutioun festgeluecht war, net ereecht. Dat huet matsechbruecht datt d'Chamber net aarbechts- a beschlossfäheg war.

Fir datt d'Regierung vun der Befreiung awer kéint an hiren Aufgabe berode ginn, gouf duerch groussherzoglechen Arrêté vum 22. Februar 1945 d'Assemblée consultative geschaaft.

D'Membere vun der Assemblée consultative goufen duerch groussherzoglechen Arrêté vum 12. Mäerz 1945 ernannt.

Am Zäitraum vum 20. Mäerz 1945 bis de 16. August 1945 koum d'Assemblée consultative fir 18 Sëtzungen zesummen.

[änneren] D'Memberen [2]

[änneren] Referenzen

  1. Arrêté grand-ducal du 22 février 1945 ayant pour objet l´institution d´une assemblée consultative, publizéiert am Mémorial Nr 8 vun 27. Februar 1945, S. 65
  2. Arrêté grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l´Assemblée consultative, publizéiert am Mémorial Nr 12 vum 9. Mäerz 1945, S. 91
  3. "Gaston Diderich" (an net "Gaston Diederich") c.f. Als, Nicolas, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 512
  4. "Venant Hildgen" (an net "Vinand Hildgen") c.f. Als, Nicolas, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 518
  5. "Jean-Pierre Lenertz" (an net "Jean-Pierre Lehnerts") c.f. Als, Nicolas, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 520
  6. "Gustave Schuman" (an net "Gustave Schumann") c.f. Als, Nicolas, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 528
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht