Assignat
D'Assignate waren eng Währung ënnert der Franséischer Revolutioun.
E puer Méint nom Ufank vun der Revolutioun waren d'Staatsfinanze katastrophal. Fir dëse Problem aus der Welt ze schafen, huet den Deputéierten Talleyrand d'Iddi gehat, Saisie vum Besëtz vum Klerus ze maachen. Sou huet den 2. November 1789 d'Assemblée nationale constituante decidéiert, datt de ganze Besëtz vum Klerus « mis à disposition de la nation » wier. Dëse Besëtz waren elo déi sougenannte Biens nationaux, déi versteet goufen, fir d'Staatskeess nees opzefëllen.
Dëse Besëtz gouf op 3 Milliarde Livres geschat, a war eng grouss Reserv fir d'publik Finanzen. De Verkaf gouf an d'Hänn vun der Caisse extraordinaire geluecht, déi den 19. Dezember an d'Liewe geruff gi war. De Problem war awer, datt de Verkaf vun esou vill Besëtz Zäit brauch, opmannst ee Joer. Dëst war awer ze laang, d'Keese waren eidel an d'Faillite wier méi séier wéi de Verkaf gewiescht. Sou gouf beschloss Billjeeën an d'Liewen ze ruffen, wou d'Valeur assignée ass. Et war d'Gebuert vum Assignat.
De Fonktionnement vum Assignat ass einfach. Well et onméiglech war, direkt de ganze Besëtz vum Klerus ze verkafen, goufe Billjeeën erausginn, déi dës Valeur representéiert hunn. Jiddwereen, dee Biens nationaux kafe wollt, huet dëst misse mat den Assignate maachen. Sou hunn d'Leit d'Assignate vum Staat ofkaaft, a seng Keese gefëllt. Nodeems e Besëtz mat esouengem Assignat kaaft gi war, huet de Billjee missten zréck bei de Staat goen, an zerstéiert ginn. Sou koum de Staat méi séier zu frësche Suen, wéi wann en hätt misse warden, bis alles verkaaft gi wier.
Déi éischt Billjeeën haten eng Valeur vun 1 000 Livres. Esoue grousse Wäert huet kloer gemaach, datt dës Billjeeën net dofir geduecht waren, fir an der Bevëlkerung ze zirkuléieren. D'Zil war eenzeg an alleng fir séier Suen an d'Staatskeess ze kréien. Déi éischt Emissioun vun Assignaten hat e Gesamtwäert vu 400 Millioune Livres.
Obschonns d'Iddi einfach war, an och ouni gréisser Problemer konnt duerchgefouert ginn, ware sech d'Deputéiert vun der Assemblée nationale constituante net ëmmer eens. Esou waren Deputéiert wéi den Talleyrand, de Condorcet oder och den Du Pont de Nemours komplett dergéint. Fir si war eng grouss Schwächt vun den Assignaten datt et der ni méi dierft ginn, wéi d'Bien nationaux wäert waren. Zu där Zäit war et awer net besonnesch schwéier, esou e Billjee ze fälschen. De Risiko war also grouss, datt méi Billjeeën am Ëmlaf waren, wéi virgesinn. A wann dëst géif antrieden, wieren d'Assignaten näischt méi wäert.
Schonn um Ufank vum Joer 1790 goufen éischt Fälschungen opgedeckt. Den 30. Mäerz huet den Anne-Pierre de Montesquiou-Fezensac deklaréiert, datt d'Assignaten «le plus coûteux et désastreux des emprunts» wieren.
De 17. Abrëll gous dem Assignat Pabeiergeld. De Staat, deen nach ëmmer Suë gebraucht huet, huet d'Assignate fir all gängeg Ausgabe benotzt. De Staat huet d'Assignater, déi bei hien nom Verkaf zréckkomm sinn, net zerstéiert, an huet ausserdeem nach méi Assignater erausginn, déi wäit iwwert dem Wäert vun de Biens nationaux waren. De Jacques Necker, zu dësem Zäitpunkt Finanzminister, dee géint d'Transformatioun vun den Assignater a Pabeiergeld war, huet am September demissionéiert.
Den Assignat huet ëmmer méi u Wäert verluer, vu 1790 bis 1793 ëm 60%. Trotz dësem Wäertverloscht, waren d'Steeë vun de Bien nationaux éischter eppes fir déi méi räich Partie vun der Bevëlkerung. Esou konnte verschidde Leit enorm Terrainsën a Gebaier fir "en Apel an e Stéck Brout" kafen, wann een de reelle Wäert vun dëse Besëtzer virun An hat.
Fir den Assignat z'ënnerstëtzen, goufe verschidde Gesetzer gestëmmt, wéi zum Beispill datt d'Bourse zougemaach ginn ass, an d'Wiesseltauxën zënter 1793 net méi publizéiert goufen, fir Spekulatiounen ze verhënneren. Mam Ufank vun der Terreur ass et esouguer esouwäit komm, datt ee konnt mat der Doudesstrof rechnen, wann een en Assignat net akzeptéiert huet.
Trotz allem huet sech d'Politik net wierklech ëm d'Finanzkris gekëmmert, an de Staat huet fläisseg weider Assignater erausginn. 1796 waren Assignater fir 45 Milliarde Livres am Ëmlaf, obschonns dëse Betrag ni hätt dierfen iwwer dräi Milliarde goen, wat der Valeur vum Besëtz vum Klerus entsprach huet.
England, zu dëser Zäit de gréisste Feind vu Frankräich huet selwer falsch Assignater produzéiert, fir d'franséisch Finanzkris ze verschlëmmeren.
Den Directoire huet decidéiert, den Assignat nees ofzeschafen, an den 30. Pluviôse Joer IV goufen d'Billjeeën an d'ganzt Geschir fir si hirzestellen ëffentlech op der Place Vendôme zu Paräis verbrannt.
Den 18. Mäerz gouf den Assignat aus der Zirkulatioun zréckgezunn, a géint en neie Billjee ausgetosch, de Mandat territorial. De Wiessel gouf mat 30 Francs fir en Assignat géint 1 Franc fir e Mandat gemaach. De Mandat territorial hat gréisstendeels déiselwecht Geschicht wéi säi Virgänger, de Wäert ass esouguer nach méi séier verfall. De 4. Februar 1797 gouf de Mandat och nees zréckgezunn, an et gouf nees mat Boergeld bezuelt.
Och wann den Assignat kee groussen Erfolleg hat, sou huet en dach verhënnert, datt de franséische Staat duerch Konsequenze vun der Revolutioun direkt Faillite gaangen ass.
Well et net wierklech schwéier war, en Assignat ze fälschen, goufe si bal iwwerall produzéiert. Souguer an de Prisonge goufen Dréckereie fonnt. Déi meescht Fälschunge waren einfach z'erkennen, anerer waren esou gutt, datt ee sech net méi sécher war, dat ware virun allem d'Fälschunge vu London. D'Feinde vun der Republik hunn den Drock vun de falsche Billjeeën encouragéiert, fir Frankräich an de Ruin ze dreiwen. De Londoner Atelier war vun Notabelen aus der Vendée gegrënnt ginn, a gouf vum Joseph de Puisaye dirigéiert.
Am 19. Joerhonnert goufe vill Fälschunge fir de Sammlermaart produzéiert. Esou schwätzt een dacks vun de « vrais faux » (d'Fälschunge vun der Revolutiounszäit) fir si vun denen aneren z'ënnerscheeden.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Assignats – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Generell Informatiounen: Ursaachen · Deklaratioun vun de Mënscherechter · Marseillaise · Republikanesche Kalenner
Evenementer: Stuerm op d'Bastille · Assemblée constituante (1789) · Assemblée législative (1791-92) · Commune vu Paräis (1792) · Koalitiounskricher · Opstand vun der Vendée (1793, 1796) · Convention nationale · Terreur · Directoire · Consulat
Persounen: Affer vun der Guillotine · Jakobiner · Montagnards · Sans-culottes · Danton · Marat · Mirabeau · Robespierre
Séier fannen: Chronologie · Glossaire · Lëschten · Bibliographie