Association des chargés de l'enseignement national

Vu Wikipedia
Association des chargés de l'enseignement national
Ofkierzung ACEN
Zweck Gewerkschaft
Grënnungsdatum 18. Juni 2014
Sëtz 90, Rue du cimetière
L-7313 Heeschdref
President Luc Wildanger
Websäit www.acen.lu

D'Association des chargés de l'enseignement national[1], gekierzt ACEN, ass eng Gewerkschaft fir Chargéen a gouf den 18. Juni 2014 gegrënnt a vertrëtt d'Interessie vun de Chargé-de-coursen, de Chargé d'éducation a de Chargé d'enseignement an de Lëtzebuerger Lycéeën, der Beruffsausbildung an an der Erwuessenebildung. D'ACEN ass politesch neutral an onofhängeg.

Fir Member kënnen ze ginn, muss een zum Zäitpunkt vum Bäitrëtt als Chargé an enger Lëtzebuergescher Schoul schaffen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'ACEN geet zeréck op eng Versammlung vun iwwer 200 Chargéen, déi 2014 onzefridde mat der politescher a gewerkschaftlecher Aarbecht waren. De Statut vun de Chargéë war iwwert Joren ëmmer méi schlecht ginn. Si hu misse wesentlech méi Stonne Cours halen, bei däitlech méi schlechter Bezuelung an Aarbechtskonditiounen ewéi d'Professeren.

Am Mäerz 2015 huet d'ACEN zu enger Manifestatioun virun der Chamber opgeruff. Hei hunn d'Chargéen zesumme mat anere Beruffsverbänn géint d'Reform an der Fonction publique manifestéiert. D'ACEN war net averstanen, datt d'Chargéen och no der Reform vum ëffentlechen Déngscht däitlech méi schlecht klasséiert ware wéi aner Master- a Bachelorkarriäre beim Staat. Zudeem huet d'ACEN och géint d'80-80-90-Reegelung an eng Verlängerung vun der Stagezäit op dräi Joer manifestéiert.

Schonn am Oktober 2015 huet sech d'ACEN mam Educatiounsminister Claude Meisch op eng Reduktioun vun der Tâche gëeenegt, déi an dräi Etappe bis d'Rentrée 2018 ëmgesat gouf.

Am Januar 2018 gouf public, datt d'ACEN een Accord mam Minister vum ëffentlechen Déngscht Dan Kersch fonnt hat, deen d'Diplomunerkennung vun de Chargéë mat Master a Bachelor reegelt.

De Comité[änneren | Quelltext änneren]

De Comité vun der ACEN gëtt all Joer op der Generalversammlung gewielt.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. am Handelsregëster agedroen als Association des chargés de l'enseignement national A.s.b.l., Association sans but lucratif (F10001) den 19.06.2014