Astérix chez les Belges

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Astérix chez les Belges
Astérix chez les Belges.jpg
Land Frankräich
Sprooch Franséisch
Erauskomm 1979
Text René Uderzo
Zeechnungen Albert Goscinny

Astérix chez les Belges ass de 24. Album aus der Astérix-Serie vum René Uderzo an Albert Goscinny. Et ass dee leschten, un deem de Goscinny matgeschafft huet. Eng Lëtzebuergesch Iwwersetzung koum 1989 ënner dem Titel Den Astérix bei de Belsch eraus.

Ëm wat geet et ?[änneren | Quelltext änneren]

D'gallescht Duerf ass ausser sech. Do kommen dach tatsächlech Legionäre Vakanz maachen! D'Réimer komme grad aus der Belsch zréck, a wann een hinne gleewe kann, da si souguer dem Obélix seng Schléi e Pleséier. Traureg mussen eis Gallier feststellen, datt souguer den Cäsar seet De tous les peuples de la Gaule, ce sont les Belges les plus braves. Dat léisst de Chef Abraracourcix natierlech net op sech sëtzen. A sou kënnt et, datt hie sech mam Astérix an Obélix op de Wee mécht, fir erauszefannen, op d'Belsch dann elo wierklech besser sinn, wéi d'Gallier.

Ënnerwee léiere si de Belsch Gueuselambix kennen, deen hinne mat senge Männer weist, wéi séier si e réimescht Lager plattmaachen. Géigesäiteg weise si sech wat se kënnen, an déi Domm bei der Saach sinn natierlech wéi ëmmer déi aarm réimesch Legionären. Mä dat geet dem Abraracourcix net duer, a wéi den Zoufall et wëll, ass den Cäsar och grad an der Belsch a sou decidéieren eis Gallier, e Concours z'organiséieren wou hie soll Arbitter spillen.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

  • Säit 14: Dites voir une fois qui vous êtes à rigoler comme ça ? - Am Album schwätzen d'Belsch och "belsch", mat de besonnesche Saztournuren déi et do ginn. An der lëtzebuergescher Iwwersetzung schwätzen déi belsch Gallier dann och en Duerchschnëtt vum Lëtzebuergeschen, wéi et laanscht d'belsch Grenz geschwat gëtt.
  • Säit 31: Karikatur vun den Dupond et Dupont aus dem belsche Comic Tintin
    • Jules César est arrivé en Belgique - Je dirai même plus: Cules Jésar est arrivé en Gelbique.
  • Säit 33: Dee klenge Bouf, deen déi ganzen Zäit muss, ass um Bréisseler Sprangbur Manneke Piss inspiréiert.
  • Säit 39: Den Iwwerbrénger vun der Noriicht ass eng Karikatur vum Belsch Eddy Merckx.
  • Säit 47: Allusioun um Pieter Bruegel säi Bild Repas de noces paysannes.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]