Astrid Lulling

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Astrid Lulling, gebuer den 11. Juni 1929 zu Schëffleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin.

D'Astrid Lulling huet tëschent 1953 a 1955 Wirtschaftspolitik op der Universitéit zu Saarbrécken studéiert. Si war vun 1949 bis 1963 Sekretärin a Redacteurin vum Lëtzebuerger Arbechter-Verband (LAV).

Vun 1963 bis 1971 war d'Astrid Lulling Presidentin vun de Sozialistesche Fraen an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP).

1971 war d'Astrid Lulling Matbegrënnerin vun der Sozial-Demokratescher Partei (SDP) an do Member vum Direktiounscomité bis 1982. 1974 gouf se fir des Partei an d'Chamber gewielt. No parteipolitesche Reiwereien gouf si 1984 op der Lëscht vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei (CSV) an d'Chamber gewielt.

Vun 1989 un ass si bis haut Deputéiert vum Europäesche Parlament. Do war si och schonns 1965 bis 1974 Member. Den 20. Juli 2004 gouf d'Mme Lulling Questeur vum Europaparlament.

Och lokal war d'Astrid Lulling an hirer Heemechtstad Schëffleng engagéiert: Tëschent 1970 an 2000 war si do am Gemengerot, déi éischt 15 Joer dovunner als Buergermeeschtesch.

D'Astrid Lulling ass Commandeur de l'ordre de la République italienne, Grand officier de l'Ordre de Mérite a Grand officier de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1996)[1], Officier de la Légion d'honneur, a gouf mam Order of Brilliant Star, dem zweethéchsten taiwaneesesche Verdéngschtuerden ausgezeechent.

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]