Astrium
Astrium, ass eng 100-prozenteg Duechtergesellschaft vun der EADS. Si ass spezialiséiert op zivil a militäresch Raumfaartsystemer. Am Joer 2009 hat Astrium en Ëmsaz vu 4,8 Milliarden Euro erreecht a beschäftegt ronn 15.000 Mataarbechter a Frankräich, Däitschland, Groussbritannien, Spuenien an an Holland. Am Joer 2011 goufen mat 16.623 Mataarbechter en Ëmsaz vu 4,967 Milliarden Euro agefuer (Ebit-Marge 5,4 %). (Quell: Handelsblatt vum 31.05.2012). D'Kärgeschäft gliddert sech an dräi Beräicher: Astrium Space Transportation fir Drorakéiten a Weltraum-Infrastrukturen, Astrium Satellites fir Satellitten a Buedemsegmenter souwéi Astrium Services fir ëmfassend Enn-zu-Enn- a Méiwäert-Léisungen bei Sécherheets- a kommerzieller Satellittenkommunikatioun an Netzwierker, Equipment fir Héichsécherheets-Satellittekommunikatioun, moossgeschneidert Produkten an Déngschleeschtungen fir Geo-Informatiounen a weltwàit Déngschtleeschtungen fir Navigatioun.
Standplaze sinn:
- Frankräich (Vélizy, Les Mureaux, Bordeaux, Toulouse),
- Däitschland (Backnang, Bremen, Immenstaad am Bodensee, Jena, Lampoldshausen, Ottobrunn, Potsdam, Rostock, Trauen),
- Spuenien (Madrid),
- Groussbritannien (Portsmouth, Stevenage) an
- Franséisch-Guayana (Kourou).
Astrium gliddert sech an dräi Geschäftsfelder:
- Astrium Satellites fir Satellitten a Buedemsegmenter
- Astrium Space Transportation (AST) fir Drorakéiten a Weltraum-Infrastrukturen
- Astrium Services (ASV) fir d'Entwécklung a Liwwerung satellittebaséierter Déngschtleeschtungen
Duechterentreprisen vun Astrium sinn ënner anerem:
- Arianespace (Astrium Space Transportation 28,6 %), de Verkeefer vun den Drorakéiten Ariane 5 an Vega
- Starsem (Astrium Space Transportation 35 %), de kommerziellen Ubidder vun der russescher Sojus-Rakéit
- Eurockot (Astrium Space Transportation 51 %), de Verkeefer vun der russescher Drorakéit Rockot
- Dutch Space (Astrium Space Transportation 100 %), en Hiersteller vun Solarpanelen, Rakéitekomponenten an Instrumenter fir wëssenschaftlech Satellitten
- Jena-Optronik
- RST Rostock System-Technik (100 %), eng Technologieentreprise am Beràich Loft- a Raumfaart
- Tesat-Spacecom (100 %), en Hiersteller vu Notzlaaschten fir Kommunikatiounssatellitten
- Paradigm Secure Communications Ltd (Astrium Services 100 %), en Ubidder vu militärescher Satellittekommunikatioun
- NGL Prime S.p.A. (50 %)
- Infoterra ale Numm vun Astrium Services, Friedrichshafen
- Spotimage
- EADS CASA Espacio
- EADS Sodern
- CILAS
- ND SatCom (75,1 %)