Astrium Satellites

Vu Wikipedia

Astrium Satellites (Astrium) war e Entrepriseberäich vun Astrium, dat selwer eng honnertprozenteg Duechter vun EADS war. Den zweeten Entrepriseberäich war Astrium Space Transportation (ST).

Astrium beschäftegt sech gréisstendeels mat der Entwécklung an dem Bau vu Satellitten. D'Produktspektrum ëmfaasst Satellittesystemer fir zivil a militäresch Telekommunikatioun, Äerdobservatioun, Weltraumfuerschung, Wëssenschaft an Navigatioun souwéi Ausrëschtung fir d'Raumfaart an d'Buedeminfrastruktur déi derzou gehéiert. Astrium ass a Frankräich, Däitschland, Groussbritannien a Spuenien aktiv a beschäftegt europawäit ronn 8.300 Mataarbechter.

Ënner der Mark Astrium mécht d'EADS zanter Juni 2007 Reklamm fir en zukünftegt Raumschëff fir Weltraumtouristen. Et soll vun 2012 un, bis zu véier Passagéier fir 150.000 bis 200.000 Euro fir dräi Minutten op iwwer 100 km an den All schéissen.[1]

Virgängerentreprise sinn ënner anerem Matra Marconi Space an d'DaimlerChrysler Aerospace AG (DASA) mat hirer Duechter Dornier Satellittensystemer GmbH.

D'Baynavtech zu Ottobrunn ass dat europäescht Kompetenzzentrum fir Satellittennavigatioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.astrium.eads.net/de/programs/space-plane.html