Astrogeodesie
Als Astronomesch Geodesie gëtt deen Deel vun der Héijer Geodesie bezeechent, deen d'Vermiessung vun der Äerdfigur mat Hëllef astronomescher Objete zum Thema huet an doraus geodetesch Bezuchsystemer, Koordinaten an Detailer vun der Gravitatioun ofleet.
Dobäi ginn virun allem d'Methode vun der geodetescher Astronomie souwéi e puer vun der Satellitegeodesie an kosmescher Geodesie gebraucht a mat mathematesch-physikalesche Äerdmodelle améiglechst gutt Iwwereneenstëmmung bruecht.
Konkret Aufgabestellunge sinn d'Lagerung an Orientéierung geodetescher Dräiecksnetzer mat Hëllef vun der "astronomescher Uertsbestëmmung" (Miessung vun der Lotrichtung an Azimute) an d'astronomesch-geodetesch Netzausgläichung. Dat Lescht ass déi exakt Berechnung vun engem gréissere Vermiessungsnetz ënner Bezuch vun der Lotofwäichung op senge Miesspunkte, an der Aféierung groussraimeger Kontrolle an d'Landesvermiessung (kuckt Laplace-Azimut an Stellartriangulatioun).
Ginn an engem astro-geodetesche Netz déi regional Parameter vum Äerdellipsoid matbestëmmt, sou léisst sech e beschtuschléissendes Ellipsoid (Referenzellipsoid) vun enger ganzer Regioun oder enges Kontinents ofleeden. Sou een Ellipsoid passt sech dem Aarbechtsgebitt ideal un, während e mëttleren Äerdellipsoid déi beschtméiglech Upassung un déi ganz mathematesch Äerdfigur – de Geoid – duerstellt.
Weider wichteg Aarbechte vun der Astronomescher Geodesie sinn:
- d'Iwwerwaachung vun der Äerdrotatioun an hirer (gerénge) Verännerunge
- d'Erstelle vu mathemateschen Äerdmodeller, déi sech als Bezuchsystem fir global Koordinate resp. fir eng Landvermiessung eegnen,
- an dorop opbauend de geodeteschen Datum enges Landes-Vermiessungsnetzes - no der Methodik vun der translativen oder der projektiven Lotofwäichungsausgläichung (Begrëffer no K.Ledersteger). Dobäi ginn d'Parameter vum Netz an dem Ellipsoid sou bestëmmt, datt d'Quadratzomm vun der Lotofwäichunge an den astronomesche Miesspunkte zu engem Minimum gëtt.
- Déi astronomesch-geodetesch Geoidbestëmmung – d'Astrogeoid - mëttels vum astronomeschen Nivellements (Miessung vu Lotofwäichungs-Profiler
- an (als Iwwergank zu der Physikalescher Geodesie) d'Modelléierung vun Äerdkuuschtschichten, fir d'astro-geodetesch Miessunge widersprochsfräi duerstellen ze kënnen.
- Méiglech Erweiderung vun der astronomesch–geodetescher Geoidbestëmmung mat Hëllef vum astronomesch–gravimetresche Nivellement (Bestëmmung vu Geoidhéichten resp. Quasigeoidhéichten duerch Kombinatioun vun astrogeodetesche a Schwéiermiessunge).
- Geodetesch Aspekter vun der Himmelsmechanik
- Bestëmme vun der Refraktiounsreduktioun déi fir déi äerdgebonnen Observatiounsastronomie[1]
De Begrëff astronomesch Geodesie - zesumme mat der physikalescher Geodesie - gëtt vill Héichschoulinstituter a Mëtteleuropa hiren Numm. D'Nummkombinatioun vun dësen zwee Fachgebidder versteet sech als Géigestéck zu der Ugewanter Geodesie resp. zu den techneschen Aufgabe vun der Vermiessungsléier oder der Kataster-Praxis.
Literatur [änneren]
- Karl Ledersteger: Astronomische und Physikalische Geodäsie (Erdmessung), JEK Band V, J.B.Metzler-Verlag, Stuttgart 1968, speziell S. 250-257 und S. 645-655
- Karl Ramsayer: Geodätische Astronomie, Band IIa des Handbuchs der Vermessungskunde JEK, J.B. Metzler-Verlag, Stuttgart 1969
- Kurt Bretterbauer, Harald Schuh: Höhere Geodäsie. Skriptum zur gleichnamigen Vorlesung, TU Wien 1998 und 2003
- Albert Schödlbauer: Geodätische Astronomie-Grundlagen und Konzepte. de Gruyter, Berlin 2000,ISBN 3-11-015148-0
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Ramsayer, Kap.6, S. 107–140 und Anhang II, S. 832ff