Astrogeologie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Astrogeologie ass d'Wëssenschaft vum geologeschen Opbau vun net-stellare Himmelskierper an hirer Entwécklungsgeschicht.

Studienobjete vun der Astrogeologie sinn terrestresch Planéite vun eisem Sonnesystem, d'Mounde vun de Planéite an aner fest Kierper wéi Asteroide (Klengplanéite), Koméitekäre a Meteorite.

Methode vun der Astrogeologie sinn äerd- oder raumgestëtzte Miessunge a besonnesch bildgiewend Weeër vun der Astronomie an de Beräicher vum siichtbaren Liichtspektrum, vum Infrarout a Radar, d'Verschéckung vu Raumsonde, Orbiter a Landeapparate zu Ënnersichobjete, déi Ënnersich vu gewonnene Prouwen virun der Plaz oder op der Äerd (bis elo nëmme vum Äerdmound, aus dem Sonnewand an engem Koméit), d'Ënnersich vu Meteoritte souwéi Modellrechnunge an theoretesch Iwwerleeunge. Eng wichteg Roll an der Astrogeologie spillen Analogieschlëss unhand vun Erkenntnësser vu Geologie, Vulkanologie, Glaziologie, Hydrologie, Geophysik a Mineralogie op der Äerd.

Als gläichwäertege Begrëff gëtt heiansdo d'Wuert Planéitegeologie gebraucht. De Begrëff der Planetologie déint ëmfaasst nieft der Astro- oder Planéitegeologie och Aspekter vun der planéitebezunnener Astronomie, déi net an eng fest Kuuscht gebonne sinn, wéi zum Beispill am Fall vun de Gasplanéite. Déi géigesäiteg Ofgrenzung vun de Begrëffer ass net genee definéiert.

Zanter datt ëmmer méi Exoplanéite entdeckt ginn, gehéiert och d'Modelléierung extrasolarer Gesteinsplanéite an déi entspriechend Interpretatioun vun Observatiounsdaten zu den Theme vun der Astrogeologie.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie