Astrograf

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
6"-Duebelastrograf vum Observatoire Heidelberg-Königstuhl, f=250 cm, d=15 cm
Bruce-Duebelastrograf vum Observatoire Heidelberg-Königstuhl, f=200 cm, d=40 cm

Astrografen (och Astrographen) si speziell Kameraen, déi fir déi wëssenschaftlech Astrofotografie agesat ginn. Si hunn d'Fähegkeet, trotz laange Brennwäite grouss Felder um Himmel z'erfaassen a liichtstaark duerzestellen.

Fir déi Aarbecht sollen hir Objektiver ee besonnesch grousst (z. B. 300 mm × 300 mm), méiglechst verzeechnungsfräit a flaacht Bildfeld liwweren. Den Ofbildungsmoossstaf iwwer engem groussen Spektralberäich soll konstant bleiwen, a sech bei der Ofkillung nuets net ze staark änneren. Mat Lënsenobjektiver goufe schonns ëm d'Joerhonnertwenn Optike mat 40 cm Ëffnung gebaut (kuckt dozou d'Bild vum Bruce-Duebelastrograf).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Duebelastrografen

Besonnesch Duebel-Astrografe waren en nëtzlecht Hëllefsmëttel vun der praktescher Astronomie. Si goufe bis an déi 2. Halschent vum 20. Joerhonnert produzéiert. Dobäi ginn zwou gläicharteg Kameraen duerch eng parallaktesch Montéierung prezis de Stären nogefouert. Duerch ënnerschiddlecht Equipement vun den Astrografe mat Faarffilter oder mat engem Prisma virun engem vun den zwee Objektiver kënnen zur sewelchter Zäit Vergläichsfotoe vum selwechten Himmelsgebitt, awer mat ënnerschiddlechen Informatioune gemaach ginn.
Sou kritt ee Fotoe vum selwechten Himmelskierper, déi sech nëmmen an der Faarf ënnerscheeden oder eng normal Foto an eng, op där d'Stären zu engem Spektrum auserneegezunn goufen. Et ass och méiglech, eng vun de Fotosplacke relativ zum ganzen Instrument ze beweegen. Mat där Method kritt een eng normal Foto vun enger bestëmmter Himmelsgéigend, op där e Koméit oder Planetoid als Stréchspur duergestallt gëtt an eng zweet Foto, op deem déi Objete schaarf fotograféiert ginn an d'Stären, als Strécher. Zënter den Ufänk vun der Astrofotografie déngen déi zweet Placken och fir d'Bestätegung, vir net Plackefeeler oder Lichtreflexer als neientdeckten Himmelskierpere falsch z'interpretéieren.

[änneren] Optesch Bauweis

Am Ufank vum 20. Joerhonnert goufen Objektiver fir Astrografe gebraucht, déi den deemolegen Foto-Objektiver am Opbau geglach hunn. Dat waren deemols symetresch opgebauten Objektiver mat dräi Lënsen. Tëschent zwou bikonvexe Lënse war eng bikonkav Lëns. Fir d'Fotografie gouf dat System duerch Ännerung vun der hënneschter Lëns an e Kittglitt aus zwee verschiddene Glieser, zu dem bekannten Tessar weiderentwéckelt. Den Optikrechner August Sonnefeld ass 1932 fir grouss Astrografenobjektiver en anere Wee gaangen. Hien huet d'Frontlëns an zwou Bikonvexlënsen opgespléckt déi hoergenee d'selwecht waren, a krut doduerch en optescht System dat bal ideal ass, den Astro-Véierlënser.

Haut ginn an der Astrofotografie fir déiselwecht Aarbechten Schmidt-Kameraen a Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskope gebraucht, déi och e ganz grousst Bildfeld hunn. Lënsenteleskope ginn an der wëssenschaftlecher Astronomie haut manner benotzt. Och de Prinzip vum Duebelteleskop gëtt an der Tëschenzäit fir en aneren Zweck gebraucht, nämlech fir d'Interferometrie.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Literatur

  • A. Sonnefeld: Die Bedeutung der Vierlinser für die Astro-Optik, in Zeiss-Nachrichten, 2 (1932) S. 15–20

[änneren] Um Spaweck

Commons: Astrograph – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen