Astrolabium

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Perseschen Astrolabium aus dem 18. Joerhonnert

En Astrolabium oder en Astrolab (griich. „Stärenhueler“) ass e Miessinstrument fir d'Wénkelmiessung um Himmel.
Héchstwahrscheinlech ass den Astrolabium vum Eratosthenes géint 250 v. Chr. entwéckelt ginn. Aner Quelle schreiwen d'Erfindung der Mathematikerin Hypatia vun Alexandria zou, déi Enn véiert an Ufank fënneft Joerhonnert gelieft huet. Déi deemools als Astrolabie bezeechent Instrumenter ginn haut Armillarsphären oder sphäresch Astrolabie genannt. Mat sou Instrumenter goufen d'Stärekataloge vum Hipparchos a vum Ptolemäus gemaach.

Déi zënter dem Mëttelalter allgemeng bekannte scheiwefërmeg Astrolabien sollen op den Hipparchos zréckgoen a goufen am arabesche Raum weiderentwéckelt. Si erlaben zwar manner Miessunge wéi déi sphäresch Form (nëmmen d'Héichtemiessung vun den Himmelskierper iwwer dem Horizont), sinn awer och als analoogt Recheninstrument ze gebrauchen. Domat ware si fir praktesch Zwecker wéi d'Positiounsberechnung bei Expeditiounen oder op der Séifaart wesentlech besser gëeegent. D'Miessung vun der Kulminatiounshéicht vu bekannte Fixstären erméiglecht d'Berechnung vun der geographescher Breet. Mat Kenntnes vun der aktueller Auerzäit léisst sech doriwwer eraus och d'geographesch Längt ermëttelen.

Astrolabium aus dem 16. Joerhonnert

An der europäescher Schëfffahrt goufen d'Astrolabien haaptsächlech tëschent dem 15. an 17. Joerhonnert fir d'Navigatioun gebraucht a sinn d'Virleefer vum Sextant. Vum fréie 16. Joerhonnert un, gouf bei der Wénkelmiessung och de Jakobsstaf gebraucht.

Den Numm Astrolab déngt zënter 1930 och fir e puer Instrumenter an der Astrogeodesie, mat deene Stärenduerchgäng an engem konstanten Héichwénkel vu meeschtens 60° prezis gemooss ginn. Dee Wénkel gëtt engersäits duerch e speziell geschlaffene Glasprisma definéiert, anerersäits duerch e gespigelte Quecksëlwer-Horizont oder e Nivelléierinstrument. Bekannt Bautype sinn den Danjon-Astrolab, d'Zirkumzenital an den Ni2-Prismenastrolab vun Zeiss. Si erlaben, je no Opwand a Gewiicht, d'Bestëmmung vum Senkel mat Prezisioune vu ±0,01" bis 0,5".

[änneren] Literatur

  • Bergmann, Werner: Innovationen im Quadrivium des 10. und 11. Jahrhunderts. Studien zur Einführung von Astrolab und Abakus im lateini schen Mittelalter. Stuttgart 1985 (= Sudhoffs Archiv, Beihefte 26)
  • Brunold, Martin: Der Messinghimmel. Eine Anleitung zum Astrolabium. La-Chaux-de-Fonds 2001
  • d`Hollander, Raymond: L'astrolabe: Histoire, théorie et pratique. Paris 1999
  • Gerstbach, Gottfried: Optimierung von Astrolab-Beobachtungen. Geowissenschaftliche Mitt. Band 7, TU Wien 1976
  • Stautz, Burkhard: Die Astrolabiensammlungen des Deutschen Museums und des Bayerischen Nationalmuseums. München 1999
  • National Maritime Museum, Greenwich: The Planispheric Astrolabe. Greenwich 1976
  • Michel, Henri: Traité de l'astrolabe. Paris 1947

[änneren] Um Spaweck

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Commons: Astrolabes – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen