Astronomesch Plazbestëmmung

Vu Wikipedia
Astronomesch Plazebestëmmungen op der Äerd sinn eigentlech Richtungsbestëmmungen op der Himmelskugel

Als Astronomesch Plazbestëmmung gëtt traditionell d'Bestëmmung vun der geographescher Breet a Längt duerch astronomesch Wénkel- an Zäitmiessunge bezeechent.

D'Bezeechnung "Plaz"-Bestëmmung leet ier, huet sech awer an der Geographie a bei geographeschen Expeditioune viru ronn 200 Joer agebiergert, well si deemools déi eenzeg Method war, fir ouni Hëllef vu baussen eng onbekannt Positioun op ongeféier 1 km genee amiessen ze kënnen. Eigentlech handelt et sech ëm d'Bestëmmung vun der astronomescher Breet an Längt, d. h. enger Richtungsbestëmmung vun der physikalescher Vertikal relativ zu der rotéierender Äerdachs an zum astronomesche Meridianniveau vu Greenwich (oder engem aneren Observatoire).

De Grond, wéisou d'astronomesch Plazbestëmmung keng Plazbestëmmung am eigentleche Sënn ass, mä nëmmen eng Richtungsmiessung, läit an der Lotofwäichung begrënnt. Dës Oflenkung vum Lot (resp. vum dorop vertikale Geoid = Mieresspigel) vu senger mathematescher Lag ass eng Folleg vun der Masseverdeelung op a bannenzeg vum Äerdkierper. Si kann op héije Bierger bis zu 50" sinn, wat engem visuelle Plazfeeler vun 1,5 Kilometer entsprécht (1 Bousekonn am Äerdmëttelpunkt si ronn 31 m op der Äerduewerfläch).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Franz Ackerl: Geodäsie und Fotogrammetrie, Band 1 und 2, Fromme 1950 und 1956
  • Sigmund Günther: Physische Geographie, Sammlung Göschen (Leipzig), zirka 1910
  • Wolfgang Torge: Geodäsie, Sammlung Göschen (Verlag deGruyter), Berlin-NewYork 1975.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie