Astronomeschen Observatoire Uppsala
Den Astronomeschen Observatoire vun Uppsala (UAO; Astronomiska observatoriet i Uppsala) ass deen eelsten astronomeschen Observatoire a Schweden. Et gouf eréischt am Joer 1741 gegrënnt, obschonns et zënter 1593 e Léierstull fir Astronomie an der Universitéit Uppsala gouf an d'Universitéitsarchive Virliesungsënnerlage fir Astronomie enthalen, déi bis an d’1480er Joere zeréckreechen.
Am 18. Joerhonnert hat hei den Anders Celsius Fuerschungen duerchgefouert a 1741 den éischten Observatiounsraum gebaut. Den Celsius hat den Universitéitsrot vum Kaf vun engem groussen stenge Gebai, vu mëttelalterlechem Urspronk, am Zentrum vun Uppsala iwwerzeegt an huet en Observatoire um Daach ariichte gelooss. Hien huet d’Haus zugläich als Wunneng an Aarbechtsplaz benotzt. Dësen Observatoire war bis 1853 am Gebrauch. Den Observatoire um Daach gouf 1857 ofgerappt.
Am 19. Joerhonnert hat den Anders Jonas Ångström d’Observatoiregebai bewunnt an hat hei seng astronomesch, physikalesch an optesch Experimenter duerchgefouert. Säi Jong, den Knut Ångström, hat spéider hei um Gebitt vun der Sonnestralung gefuerscht.
Am Joer 2000 huet sech den Observatoire mam Institute of Space Physics zum Department of Astronomy and Space Physics zesummegedoen an ass an d’Ångström-Laboratoire geplënnert.
Zousätzlech zu den Anlage zu Uppsala bedreift den Observatoire d'Observatoire Kvistaberg a Schweden an d'Uppsala Southern Station um Siding Spring Observatoire an Australien.