Astronomescht Ereegnes

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Een astronomescht Ereegnes ass en Ereegnes, dat méi oder wéineger rar geschitt. Seng Ursaach läit baussenzeg vun der Äerd.

Eng Himmelserscheinung ass e visuellt Phenomen um Himmel.

Déi meescht astronomesch Ereegnesser bezéie sech op Himmelskierper am Sonnesystem, resp. op déi, bei deenen ee vun de bedeelegte Kierper en Deel vun eisem Sonnesystem ass. Astronomesch Ereegnesser, déi net vu Kierper aus eisem Sonnesystems stamen, sinn meeschtens op verännerlech Stären zréckzeféieren.

Als astronomescht Ereegnes bezeechent een och e puer Effekter bannenzeg vun der Äerdatmosphär, z. B. Liichterscheinungen, elektromagnéitesch Effekter oder Matière, déi aus dem Weltraum op d'Äerd trëfft.

Zu den Ereegnesser an der Astronomie zielen och déijeeneg, déi am visuelle Spektrum (Visuell Astronomie) net ze gesi sinn (z. B. am Gammastrale-Beräich) oder am weidere Sënn och déi, déi ze laang daueren, fir datt e Mënsch d'Ereegnes feststelle kann, wéi am Extremfall, eng Galaxienduerchdréngung (Dauer: e puer Millioune Joer).

Net all astronomescht Ereegnes ka virausberechent ginn.

Iwwersiicht iwwer astronomesch Ereegnesser[änneren | Quelltext änneren]

Ereegnesser, déi viraus gesot kënne ginn[änneren | Quelltext änneren]

Astronomesch Ereegnesser, déi ee viraus soe kann, ginn an der Regel an astronomesche Joerbicher publizéiert.

Ereegnesser, déi bedéngt viraus gesot kënne ginn[änneren | Quelltext änneren]

Ereegnesser, déi net viraus ze soe sinn[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang Held: Sonnen- und Mondfinsternisse – und die wichtigsten astronomischen Konstellationen bis 2017. Verlag Freies Geistesleben, Stuttgart 2005, ISBN 3-7725-2231-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Astronomische Ereignisse – Biller, Videoen oder Audiodateien