Astronomescht Joerbuch
En Astronomescht Joerbuch ass e Buch, dat all Joer nei publizéiert gëtt. An dësem Buch stinn all astronomesch Ereegnesser an Daten iwwer Planéite- resp. Stäreplaze mat hirem zäitleche Verlaf opgelëscht.
Inhaltsverzeechnes |
Inhalt [änneren]
Bei dësen Ephemeride vun de wichtegsten Himmelskierper riicht sech d'Längt a Genauegkeet vun de jeweilege Tabellen nom Zweck a no der gewënschter Effizienz beim Interpoléieren tëschent de Spalten oder Zeilen. De wichtegste Parameter ass heibäi d'Tafelintervall, dat gewéinlech
- beim Äerdmound tëschent 1 Stonn an 1 Dag läit,
- bei der Sonn a beim Merkur 1 bis 10 Deeg
- bei der Venus, Mars a bei Zwergplanéiten 5 bis 20 Deeg
- beim Jupiter, Saturn a bei den bausseschte Planéiten ongeféier 10 bis 30 Deeg
- a bei de Fundamentalstäre 1 bis 10 Deeg.
Astronomesch Joerbicher (engl. och en:Almanac) kënnen international ausgeluet sinn (z. B. fir d'wëssenschaftlech Astrometrie) oder fir eng bestëmmte Regioun (virun allem fiür Amateurastronomen).
Niewend de tabellareschen Daten huet en astronomescht Joerbuch meeschtes och Daten iwwer Däischterte (Äerdmound-, Sonn) an iwwer Stärebedeckungen (duerch Äerdmound a Planéiten), eng Aféierung an déi wëssenschaftlech Grondlagen an oft och Observéierugshinweiser – besonnesch fir rar Phenomener.
Verbreeten astronomesch Joerbicher [änneren]
Professionell Astronomie [änneren]
- Nautical Almanac International, fir d'astronomesch Navigatioun a fir no astro-geodätesch Berechnungen (Himmelsplazen op 0,1′ Genauegkeet)
- Astronomical Almanac – zënter 1960 dat offiziellt Joerbuch vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) an IUGG
- Astronomisch-Geodätisches Jahrbuch („Heidelberger Jahrbuch“, bis 1959) mat engem Schwéierpunkt fir d'Geodesie
- Connaissance des temps, Frankräich, erschéngt zënter 1679
- Astronomitscheski Jeschegodnik, Rußland, erschéngt zënter 1921.
Amateurastronomie [änneren]
- Kosmos Himmelsjahr, Kosmos-Verlag)
- Der Sternenhimmel (an der Schwäiz als „Naef“ bekannt), Kosmos-Verlag
- Österreichischer Himmelskalender, Astronomesche Büro Wien
- Kalender für Sternfreunde (DDR 1948–1990), Kuerzbezeechnung Ahnert, haut als Ahnerts Astronomisches Jahrbuch am SuW-Verlag Heidelberg.