Astronomische Nachrichten

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
“Astronomische Nachrichten“ aus dem Joer 1823

Astronomische Nachrichten (Astronomical Notes) ass den Titel vun der eelsten nach existéierender astronomescher Fachzäitschrëft vun der Welt. Haut kommen 12 Hefter pro Joer an Englesch mat engem Schwéierpunkt iwwert observéierend an theoretescher Astrophysik eraus.

Grënner vun dësem Medium war 1821 den Heinrich Christian Schumacher. D'Zäitschrëft gouf op Däitsch publizéiert. Zum aktuellen Themeberäich gehéiert d'Sonnephysik, extragalaktesch Froen, d'Kosmologie souwéi Themen iwwert d'Geophysik. Numeresch Methode mat Bezuch op d'Astronomie, déi heefeg an Zesummenhang mat Supercomputere stinn, sinn och dran ze fannen.

Zu de Bibliothéiken déi all Bestänn besëtzen, gehéieren d'Astrophysikalescht Institut Potsdam, d'Astronomescht Rechen-Institut Heidelberg an d'Universitéitsbibliotéik München.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Astronomische Nachrichten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen