Atacama Submillimeter Telescope Experiment

Vu Wikipedia
Statioun an Antenn vum ASTE

D'Atacama Submillimeter Telescope Experiment, ofgekierzt ASTE, ass e Radioteleskop fir de Submillimeterberäich.

D'ASTE-Teleskop mat engem Antennenduerchmiesser vun 10 m an enger héichpreziser Reflekterfläch gouf vu Mitsubishi Electric als Projet vun enger Antenn fir d'Atacama Large Millimeter Array (ALMA) gebaut. Et ass zanter 2004 als Eenzelteleskop fir Frequenze bis zu 900 GHz an der Pampa La Bola am Chile, op 4 860 m Héicht no bei der Plaz wou d'ALMA steet a Betrib.

Et ass e Projet vum National Astronomical Observatory of Japan, vun der Universidad de Chile a vun e puer japaneschen Univeristéiten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]